An 9 Gemenge gëtt et eng absolut Majoritéit

© RTL-Archiv
Bei de Gemengewalen den 11. Juni geet et fir eng Partie Parteien a Biergerlëschten dorëm, hiert staarkt Resultat vun 2017 ze verdeedegen.
"Koalitioun, wat bedeit dat Wuert?" Dat kéint vläicht d'Reaktioun vun engem Diddelenger sinn, wann en no senger favoriséierter Koalitioun op Gemengenniveau gefrot gëtt. Iwwerraschend wier dat net, ëmmerhin huet d'LSAP an der Südgemeng mat hire ronn 22.000 Awunner zanter méi wéi 75 Joer eng absolut Majoritéit. Bei de leschte Gemengewalen am Joer 2017 hunn d'Sozialisten ee Score vu 50,31 Prozent areecht. Dat bedeit 10 Conseilleren am Diddelenger Gemengerot mat sengen 19 Sëtz. Zanter 2014 ass den Dan Biancalana Buergermeeschter. Dëst Joer trieden nieft der LSAP nach d'ADR, d'CSV, d'DP, déi Gréng an déi Lénk un. Mat de Liberalen ass dat esouguer eng Partei méi wéi viru 6 Joer.
Op d'Fro, ob et mat där Ausgangslag realistesch ass, datt d'LSAP hir absolut Majoritéit verdeedege kann, äntwert den Dan Biancalana fir d'éischt e bëssi auswäichend a verweist drop, datt de Wieler dat lescht Wuert hutt, fir dann awer nach ze soen, datt d'absolut Majoritéit d'Zil vu senger Partei ass. Mat Bléck op déi lescht 6 Joer wier et awer och net esou gewiescht, datt d'Votten ëmmer nëmme mat 10 zu 9 ausgaange wieren. Heiansdo wieren Decisiounen unanime a méi dacks mat enger breeder Majoritéit geholl ginn. Och hätten déi aner Parteien d'Méiglechkeet kritt, hir Iddie mat anzebréngen, virun allem an enger Aarbechtsgrupp beim Ausschaffe vum neie PAG.
Doriwwer eraus hätt een och grousse Wäert op Biergerbedeelegung geluecht. Sou wier Diddeleng déi éischt Gemeng, déi ee participative Budget agefouert huet. Hei kënnen all d'Bierger, déi op d'mannst 14 Joer hunn, Projeten eraginn, déi Diddeleng méi schéi maache sollen a bis zu 100.000 Euro kaschten. D'Gemengeservicer iwwerpréiwen dono, ob d'Proposen ze realiséiere sinn. Iwwert déi zeréckbehale Projete kënnen d'Bierger dann online ofstëmmen.
Dan Biancalana wëllt keng Koalitioun mat der ADR
Eng absolut Majoritéit wier net zwangsleefeg negativ ze gesinn, well se ëmmerhin d'Resultat vun engem demokratesche Prozess wier. Sollt et nom 11. Juni fir d'LSAP awer net méiglech sinn, eleng weiderzefueren, wëllt de Buergermeeschter sech, wat potenziell Koalitiounen ubelaangt, net ze wäit aus der Fënster leeën. Et misst een d'Situatioun um Walowend ofwaarden an dono Gespréicher féieren. Enger Zesummenaarbecht mat der ADR weist den Dan Biancalana allerdéngs déi rout Kaart.
Ee gudde Krack méi héich am Norde vum Grand-Duché, méi genee an der Gemeng Ëlwen, gëtt et och eng absolut Majoritéit. Allerdéngs nach net méi wéi 75, mee grad emol zanter 6 Joer. Nodeems d'Nordgemeng d'Awunnerzuel vun 3.000 iwwerschratt hat, gouf 2017 fir d'éischt nom Proporzsystem gewielt. Dobäi konnt sech d'Ëlwenter Biergerlëscht mat 58,77 Prozent respektiv 7 Sëtz géint d'CSV mat hiren 41,23 Prozent respektiv 4 Sëtz duerchsetzen. Dëst Joer wäert et net zu enger Neioplo vun deem Duell kommen. Well d'CSV keng Lëscht zesummekrut, trieden 2 vun den aktuellen CSV-Conseilleren fir d'Oppe Lest Ëlwen un. Dobäi kënnt eng ADR-Lëscht, déi allerdéngs net komplett ass, et fungéieren nämlech just 7 Kandidaten op der Lëscht.
Zu Ëlwen schafft ee wéi an enger Majorzgemeng zesummen
Wat déi lescht Legislaturperiod ugeet, betount den Edy Mertens, deen zanter 2011 Buergermeeschter ass, d'Parteien hätten am Prinzip keng Roll gespillt, et hätt ee vill méi wéi an enger Majorzgemeng zesummegeschafft. Déi meescht Decisioune wieren unanime geholl ginn, well et net ëm grouss ideologesch Froen, mee ëm déi ganz konkret alldeeglech Probleemer vun de Leit géing goen. Am Vierdergrond géing d'Erneierung vun den Infrastrukture wéi de Stroossen oder dem Ofwaassersystem stoen. Just bei e puer Decisioune ronderëm Kierchegebaier a beim Budget hätt d'CSV dogéint gestëmmt. Beim Budget wier dat awer wuel éischter aus Prinzip gewiescht, well fundamental Kritik hätt et net ginn.
Datt d'CSV elo net méi mat enger eegener Lëscht untrëtt, iwwerrascht den Edy Mertens net wierklech. D'Gemeng hätt einfach net genuch Awunner, fir datt eng Partei 11 Leit beienee kréie kéint, dowéinst wier eng reng DP-Lëscht fir de liberale Politiker och ni a Fro komm. Op d'Fro no enger méiglecher Koalitioun no de Walen, schwätzt den Edy Mertens sech fir eng Zesummenaarbecht tëscht den zwou Biergerlëschten aus. Eng Koalitioun mat der ADR schléisst hie fir seng Lëscht op alle Fall aus. Ech hunn Echo kritt vun enger Versammlung, déi se gehalen hunn. Do hu se Saache gesot, déi se wéilten aféieren, déi fir mech komesch sinn, anerer wollte se aféieren, déi besti scho laang. Also si si schlecht informéiert iwwert d'Funktionéiere vun der Gemeng."
Spannend Ausgangslag zu Dikrech
Nach a siwe weidere Gemenge gëtt et aktuell eng absolut Majoritéit, an zwar zu Bartreng (DP), Dikrech (LSAP), Habscht (CSV), Hesper (CSV), Luerenzweiler (Är Leit), Mäertert (LSAP), a Rammerech (CSV).
Zu Bartreng triede wéi viru 6 Joer nieft der DP, nach d'CSV, déi Gréng an d'LSAP un. 2017 konnt d'DP 49,88 Prozent an domat 7 vun 13 Sëtz op sech vereenegen. Den 11. Juni wëllt d'Buergermeeschtesch Monique Smit-Thijs hire Poste verdeedegen. Dat wëllt och den Dikrecher Gemengepapp Claude Thill. Zanter 2011 huet d'LSAP an der Ieselsstad déi absolut Majoritéit. 2017 kruten d'Sozialiste 47,01 Prozent respektiv 7 vun 13 Sëtz a konnte sech domat géint d'CSV, d'DP an déi Gréng behaapten. Ob d'LSAP dat Resultat nach eng Kéier areeche kann, bleift ofzewaarden, feele mam Claude Haagen, dee mëttlerweil Landwirtschafts- a Sozialminister ass a mam René Kanivé, dee sech aus der Politik zeréckgezunn huet, dach ëmmerhin déi 2 beschtgewielte Sozialiste vun 2017.
Eng Biergerlëscht un der Spëtzt zu Luerenzweiler
Zu Habscht verfüügt d'CSV zanter 2017 iwwert eng komfortabel Majoritéit. Viru sechs Joer gouf an der Fusiounsgemeng nach an zwou Sektiounen, nämlech Habscht a Simmer gewielt. Zu Habscht nom Proporz- an zu Simmer nom Majorzsystem. Mat 64,87 Prozent konnt d'CSV sech 8 vun 11 Sëtz sécheren a louch domat kloer virun DP an LSAP. Déi 4 Kandidaten, déi zu Simmer gewielt goufen, hu sech dem Buergermeeschter Serge Hoffmann no dono der Majoritéit ugeschloss. Dëst Joer trieden op en Neits CSV, DP an LSAP géinteneen un. Och zu Hesper hunn déi Chrëschtsozial ronderëm de Buergermeeschter Marc Lies eng absolut Majoritéit. 2017 krut d'CSV 45,76 Prozent vun de Stëmme respektiv 8 vu 15 Sëtz. Komplettéiert gëtt de Gemengerot vun der DP, deene Gréngen an der LSAP. Dës Parteien trieden den 11. Juni rëm un, dëst Joer feelt allerdéngs eng Lëscht vun déi Lénk, déi et 2017 net an de Gemengerot gepackt haten.
Nieft Ëlwen huet och nach zu Luerenzweiler eng Biergerlëscht eng absolut Majoritéit. Är Leit ronderëm d'LSAP-Politikerin Marguy Kirsch-Hirtt konnte sech 48,67 Prozent an domat 6 vun 11 Sëtz sécheren. Si kruten däitlech méi Stëmme wéi CSV, DP an déi Gréng. Och dëst Joer ginn déi 3 selwecht Parteien an d'Biergerlëscht rëm zu Luerenzweiler an d'Course. An der flächeméisseg drëttgréisster Gemeng vum Land, zu Rammerech, huet d'CSV déi absolut Majoritéit. 2017 kruten déi Chrëschtsozial 51,09 Prozent, wat 6 vun 11 Sëtz entsprécht. Och d'DP an d'LSAP sinn am Gemengerot vertrueden. Dëst Joer kënnt et zu engem Revival vun deem Dräikampf, allerdéngs muss d'CSV dobäi op den aktuelle Buergermeeschter Antoine (Toni) Rodesch verzichten.
Eng Koalitioun, déi guer net néideg wier
Un der Musel zu Mäertert gouf d'LSAP 2017 bei de Wale ganz no uewe gespullt. Viru 6 Joer konnten d'Sozialisten 51,88 Prozent an domat 6 vun 11 Sëtz u Land zéien. Do konnten CSV an DP net mathalen. Dëst Joer wëllt de Buergermeeschter Jérôme Laurent säi Poste géint d'Erausfuerderer vu Chrëschtsozialen a Liberale verdeedegen.
Zu Munneref konnt d'DP 2017 mam deemolege Buergermeeschter an haitege Mëttelstands- an Tourismusminister Lex Delles d'absolut Majoritéit erueweren. 50,22 Prozent a 6 vun 11 Sëtz stoungen deemools um Konto vun de Liberalen. Ma trotzdeem si si eng Koalitioun mat deene Gréngen agaangen. Och d'CSV an d'LSAP sinn zanterhier am Gemengerot vertrueden. Dat wëllen déi 4 genannte Parteien och nach nom 11. Juni sinn. Interessant ze observéiere wäert sinn, ob bei der DP den aktuelle Buergermeeschter Steve Reckel säi Virgänger als Zuchpäerd gläichwäerteg ersetze kann.
Zwou absolut Majoritéiten, déi net gehalen hunn
Am Fong gouf et nach an zwou weidere Gemengen no de Wale vun 2017 eng absolut Majoritéit. Zu Biissen konnt sech d'CSV knapp mat 51,81 Prozent géint d'Biergerlëscht Är Leit duerchsetzen a 6 vun 11 Sëtz areechen. Am Laf vun der Legislatur koum et awer zu e puer Récktrëtter aus der CSV, dorënner dee fréiere Buergermeeschter Jos Schummer. Haut sëtzen dowéinst zwee Onofhängeger am Gemengerot, déi Är Leit ënnerstëtzen. Op et den 11. Juni da fir Är Leit ronderëm de Buergermeeschter David Viaggi duergeet, fir sech bei de Wale méi Mandater wéi d'CSV ze sécheren, wäert sech weisen.
Och zu Clierf kruten déi Chrëschtsozial déi absolut Majoritéit. Am Abteistiedche hunn 42,71 Prozent vun de Wieler der CSV hir Stëmm ginn, wat 6 vun 11 Sëtz entsprécht. Och d'Biergerlëscht Gemeng Cliärref, d'DP an déi Gréng sinn am Gemengerot vertrueden. Am Abrëll 2022 war de Conseiller Theo Blasen aus der CSV ausgetrueden a sëtzt zanterhier als Onofhängegen am Gemengerot. Am Mee d'lescht Joer war et dunn d'Nouvelle, datt de Georges Keipes vun der Biergerlëscht d'CSV ënnerstëtzen an neie Schäffe géif. Op deem Posten huet hien de Romain Braquet ersat, dee weider fir d'CSV am Gemengerot bliwwen ass. Nieft den aktuell am Gemengerot vertruedene Parteie geet den 11. Juni och nach d'ADR mat an d'Course. 2017 hate sech zousätzlech mat de Piraten esouguer 6 Parteie presentéiert.
Dëst Joer klëmmt d'Zuel vun de Proporzgemengen iwwregens vu 46 op 56, a 46 Gemenge gëtt nom Majorzsystem gewielt. Och wann an 102 Gemenge gewielt gëtt, ginn et wéinst de Fusioune vu Groussbus a Wal am Norden a Bous a Waldbriedemes am Osten dono "just" nach 100 Gemengen am Grand-Duché.