Wéi konnt eng ASBL jorelaang Millioune-Subventioune vum Educatiounsministère kasséieren, ouni datt den Interessekonflikt vum Nicolas Didier opgefall ass?

Als President vum Luxembourg Science Center huet hie senger privater Firma Opträg ginn.

Als klenge Rappell: D'ASBL Luxembourg Science Center (LSC) krut zanter 2017 direkt oder indirekt Subventioune vu ronn 22,8 Milliounen Euro vum Educatiounsministère. Grënner a President vun der ASBL ass den Nicolas Didier. Him gehéiert och, iwwert en amerikanesche Fong, d'Privatfirma GGM11, vun där hien och Gerant ass. Dëser, senger privater Firma, huet hien als President vum LSC d'Opträg ginn, fir Statioune fir d'Expo am Science Center ze bauen. Si mécht och d'Maintenance vun dëse Statiounen, sou wéi d'Comptablilitéit, d'Ressources humaines an d'Informatik fir d'ASBL Science Center. GM11, dat confirméiert de Nicolas Didier, huet am Fong keng aner Clientë wéi de Science Center, deen haaptsächlech duerch Subventioune vum Educatiounsministère finanzéiert ass. Den Educatiounsministère huet sech antëscht kloer dofir ausgeschwat, datt et beim LSC an Zukunft just nach eng Struktur soll ginn, an deenen hire Gouvernance-Gremien de Staat staark vertrueden wier.

Vun Ufank u schwiereg

Vun Ufank un wier et mat der ASBL Science Center esou gewiescht, erkläert de Lex Folscheid, éischte Regierungsrot am Educatiounsministère, datt se "Schwieregkeeten hat, sech un d'Comptabilitéit vum Staat ze halen, wat eng detailléiert Facturatioun ubelaangt huet. An och, wat déi normal Prozeduren ubelaangt huet, datt fir d'éischt d'Depense mussen enregistréiert ginn, datt se musse saiséiert ginn, ier se kënne getätegt ginn."

Viru Jore schonn huet de Ministère Stéchprouwe gemaach, fir 10% vun de Statiounen ze kontrolléieren, déi de Science Center akaaft huet, an déi ware souwäit an der Rei. D'Rechnunge vun der Firma GGM11 hu mat deem iwwerenee gestëmmt, wat geliwwert gouf. An dat war och en ligne, mam Material, dat beispillsweis a Maisons relais geliwwert gouf. D'Konklusioun: "Déi Startschwieregkeeten, déi mir do am Ufank mam Luxembourg Science Center haten, déi hu mir éischter ënner dem Gesiichtspunkt vun der Schluddregkeet, ënner dem Gesiichtspunkt vum Onwëssen iwwer d'Prozedure vum Staat ofgehaakt", esou de Lex Folscheid.

Nei Informatioune vu lanceur d'alerte am September

Am September 2022 wier dunn awer en neie Moment komm: "Wou mer iwwer Personnes interposées Informatioune kritt hunn, déi mer bis haut net wëssen, ob se sech esou wäerte confirméieren, do driwwer, datt eigentlech de Luxembourg Science Center seng Aktivitéite strukturell ofhänke vun enger anerer SARL." An, datt d'Propriété intellectuelle vun de Statioune fir d'Expo net géif beim Science Center leien, obwuel de Science Center mat de Subventioune vum Educatiounsministère fir den Developpement dovu bezuelt hätt.

Déi ganz Ausso vum Lex Folscheid dozou kënnt dir hei lauschteren

D'Informatioune ginn op e Lanceur d'alerte zréck, deen als éischt versicht huet, aner Membere vum Verwaltungsrot iwwert, a sengen An, Mëssstänn a Kenntnis ze sëtzen an dono och den Educatiounsministère. De Nicolas Didier huet de Mann am Januar entlooss. Hie wiert sech den Ament viru Geriicht géint säi Licenciement. Aus där Requête geet ënnert anerem ervir, datt de Mann refuséiert huet, fir Gérant technique vu GGM11 ze ginn, "alors qu'il a dû constater une augmentation indue des services de GGM11, ceci au détriment du LSC et au bénéfice de GGM11."

Sou wieren zum Beispill d'Servicer vun Informatiker vu GGM11 mam qualifizéierte Mindestloun als Ingenieure mat engem Stonnentarif vu 90 Euro verrechent ginn. De Luxembourg Science Center hätt GGM11 missen un den technesche Projeten bedeelegen. Dobäi hätt GGM11 keng Garantie op de produzéierte Statioune fir d'Expo ginn an herno, géint Rechnung Maintenance a Flécke gemaach, déi bei anere Fournisseuren ënnert eng Garantie géife falen. Tëscht 60.000 an 80.000 Euro hätt GGM11 dem Science Center op déi Manéier pro Mount facturéiert.

Donieft ginn nach aner "Manœuvres litigieuses" opgezielt. Dem Nicolas Didier, deen zu New York wunnt, seng Aller-Retouren op Lëtzebuerg, déi eisen Informatiounen no alt bis op 90.000 Euro d'Joer gaange sinn. Datt de Nicolas Didier sech bei GGM11 fir 2021 e Brutto Salaire vu ronn 66.000 Euro bezuelt huet – nieft sengem Salaire, deen e sech als Direkter vun der ASBL Science Center bezuelt huet, vun 196. 400 Euro brutto fir dat nämmlecht Joer, also ëm déi 16.000 Euro de Mount.

Wee wosst vum 16.000-Euro-Salaire ?

Kee vun de fréieren oder aktuellen Administrateuren, déi RTL kontaktéiert huet, wollt on the record schwätzen. Mä off the record hu si alleguer gesot, datt si net woussten, datt de Nicolas Didier sech bei der ASBL géif e Salaire ausbezuelen. Fir si wieren d'Aarbechten do op benevoller Basis gewiescht. Den Educatiounsministère sot op Nofro, datt een zwar bei der Iwwerpréiwung vun de Finanze wuel gesinn hätt, datt do en Direkter e Salaire vu 16.000 Euro de Mount kritt hätt. Mä datt dee fir de Nicolas Didier gewiescht wier, net fir den Directeur scientifique vum Science Center, hätt een net gewosst.

Am Interview à distance op New York dës Woch dorop ugeschwat, ob den Educatiounsministère an de Verwaltungsrot vum Science Center Bescheed woussten, ass de Nicolas Didier der Fro ëmmer nees aus dem Wee gaangen an huet och no Minutte keng kloer Äntwert ginn, ob de Verwaltungsrot doriwwer Bescheed wosst, datt hie sech bei der ASBL Science Center esou en décke Salaire ausbezuelt huet.

De ganzen Extrait zu sengem Salaire kënnt der hei lauschteren
RTL

© RTL

Informatiounen net gedeelt

Net all d'Informatiounen deelen, war offensichtlech och zu anere Momenter eng vun de Methoden, déi de Nicolas Didier agesat huet, fir déi reell Relatiounen tëscht der ASBL a senger Privatfirma am Vagen ze halen. Bis 2021 huet d'ASBL iwwerhaapt keng Konte publizéiert. "Dozou war se net obligéiert", seet de Nicolas Didier. Dat stëmmt. Souguer wa se Milliounesubventioune vum Staat kréien, gëtt et keng allgemeng Reegel, datt ASBLen missten hir Konte vun engem Reviseur préiwe loossen oder se musse publizéieren, wéi den Educatiounsministère op Nofro confirméiert. An de Konventiounen, déi de Ministère mam Science Center ënnerschriwwen huet, stoung esou eng Konditioun och net dran.

Mä 2021 huet d'Fondation Losch, déi 10 Milliounen fir den Ausbau vum Science Center sollt bäidroen, en Audit gefrot. An d'ASBL huet de "Statut d'utilité publique" ugefrot. De Reviseur, deen d'Konten deemools gepréift huet, huet spezifesch Recommandatioune gemaach zu de "Parties liées", graff gesot, huet en drop opmierksam gemaach, datt d'ASBL géif Servicer a Material bei enger Firma kafen, déi dofir éischtens net déi noutwenneg Autorisatiounen hätt an zweetens en ekonomesche Beneficiaire hätt, dee mat der ASBL verbonne wier. Déi Firma géif d'Präisser bestëmmen an et géif ee riskéieren, de Finanzement vum Educatiounsministère ze verléieren.

Déi Recommandatiounen huet den Nicolas Didier eisen Informatiounen no net an där Form mam Verwaltungsrot gedeelt. Dorop ugeschwat, huet hien als éischt gesot "jo", hien hätt d'Recommandatioune gewisen, dono huet et geheescht, se wiere mam Reviseur diskutéiert ginn, fir herno zouzeginn, datt net all Conseilsmemberen au courant gesat goufen.

De ganzen Extrait dozou aus dem Interview kënnt Dir hei lauschten

Widderspréchlech Zuelen

Wann d'Membere vum Verwaltungsrot net informéiert ginn, kënne si och net aktiv ginn. Den Educatiounsministère ass allerdéngs wibbeleg ginn, nodeems een am September zejoert nei Informatioune krut. Eng Reunioun gouf aberuff. Do huet den Nicolas Didier eng Presentatioun gemaach, fir ze justifizéieren, datt een onbedéngt déi bicephal Struktur (ASBL Luxembourg Science Center engersäits mat der Expo an de Mediateuren an d'Privatfirma GMM11 mat den Techniker, déi Statioune bauen an se ënnerhalen anerersäits) onbedéngt misst bäibehalen.

Dëst Beispill weist, datt de Nicolas Didier et mat den Zuelen net ëmmer ganz esou genee hëlt. Well an der Presentatioun sinn d'Revenus commerciaux vum Science Center, also d'Recetten aus der Vente vun Ticketen an dem Shop op 125.000 Euro chiffréiert. Ëmsou méi impressionant ass d'Progressioun par rapport zum Joer 2022, dës soll, obwuel d'Joer net fäerdeg ass, bei iwwer 360 Prozent leien. Just stinn am Bilan fir d'Joer 2019, deen 2021 nodréiglech beim Registre de commerce deposéiert gouf, Revenus commerciaux vun 285.000 Euro dran, méi wéi dat duebelt also. Dozou erkläert de Nicolas Didier am Bilan wiere Subventiounen op de falsche Poste gerutscht. Wéini him dee Feeler opgefall ass, kënnt Dier hei lauschteren:

De Extrait vum Nicolas Didier aus dem Interview

Perséinlech Beräicherung oder net ?

An der Requête fir dem fréiere Mataarbechter säi Licenciement z'annuléieren, argumentéiert den Affekot, de "Stratagème" vum Nicolas Didier wier "flagrant", en hätt sech mat staatleche Subventioune beräichert, dat duerch eng ASBL, déi de Statut d'utilité publique huet. Eng Privatfirma hätt ni esouvill Sue kritt.

De Lex Floscheid vum Educatiounsministère seet, d'Kontrollen, déi vum Ministère gemaach goufen, hätte bis elo keng Elementer vu Beräicherung gewisen. Allerdéngs gëtt hien ze bedenken, géifen déi Kontrolle just préiwen, wat an der ASBL geschitt, déi subventionéiert gëtt. Soll heeschen, wann d'Suen iwwert d'Opträg bis an der Privatfirma sinn, da si se ausserhalb vum Perimeter vun der Finanzkontroll.

De ganzen Extrait vum Lex Folscheid dozou kënnt dir hei lauschteren.

Dobäi kënnt awer och, datt d'ASBL net obligéiert war, hir Commande fir Statiounen an der Expo auszeschreiwen. Dat ass op mannst dem Infrastrukturminister François Bausch seng Interpretatioun a senger Äntwert op eng Question parlementaire vum Pirat Sven Clement. Dat obwuel se haaptsächlech mat Steiersue finanzéiert ass.

Gutt Kolleegen

Zum Science Center, an dem Nicolas Didier sengem seriöen Optrëtt, huet och bäigedroen, datt hie gutt entouréiert war. A Conseil vum LSC ware Pointure wéi de Marc Solvi, laangjäregen Direkter vu Paul Wurth, de Jacques Lanners, fréiere Patron vu Ceratizit a fréiere Vize-President vum FNR. Si hunn, wéi och den Affekot Nicolas Bauer, de Conseil d'administration antëscht verlooss. Nach ëmmer vertrueden ass de Geschäftsaffekot Paul Mousel, Partner an der Etüd Arendt & Medernach. Neie Member ass zënter Kuerzem de Statec-Direkter a Post-President Serge Allegrezza.

Datt et esou laang gedauert huet, bis datt dem Nicolas Didier säin Interessekonflikt beim Science Center a Fro gestallt gouf, dozou hu verschidde Facteure bäigedroen: Engersäits dem Nicolas Didier seng Gestioun vun der ASBL selwer, anersäits e puer "Lächer" an de Prozedure fir d'Subventiounen.

Den Educatiounsministère huet der Inspection générale des Finances (IGF) schonn Enn d'lescht Joer den Optrag ginn, d'Struktur an d'Gouvernance vum LSC ze préiwen. Wéini d'Resultater vun där Analyse virleie wäerten, ass nach net kloer. Mä déi nächst Echeance kënnt, wann de Budget fir 2024 verhandelt gëtt. Wann den Educatiounsministère d'Fonctionnementskäschte fir d'nächst Joer net géing iwwerhuelen, wier de Science Center warscheinlech gezwongen, seng Dieren zou ze maachen.