Wielerlëschten ënnert der LuppBis de 25. Abrëll ka reklaméiert ginn

RTL Lëtzebuerg
Vum 18. bis de 25. Abrëll hunn d'Bierger d'Méiglechkeet, op Feeler bei de Wielerlëschten opmierksam ze maachen.
© RTL-Archiv

Den 11. Juni sinn zu Lëtzebuerg Gemengewalen. Vum 18. bis de 25. Abrëll inclus leien an de Gemengen d’Wielerlëschten aus. Op dëse sinn d’Nimm vun deene Leit vermierkt, déi tëscht dem 17. Abrëll an dem 11. Juni 18 Joer kréien.

All Bierger ka sech un de Schäfferot wennen, fir Reklamatiounen eranzeginn. Et kann een dorop opmierksam maachen, datt Leit net op de Lëschte stinn, obwuel se d’Recht hätten. All Reklamatioun muss fir d’éischt mat allen néidege Piècen un de Schäfferot geriicht ginn, fir datt se virun der Cour administrative recevabel ass.

De Communiqué vum Inneministère.

Back to Top
CIM LOGO