E Samschdeg den Owend ass déi grouss Ofschloss-Sendung vum Télévie. Dës Woch besiche mer déi eenzel Zenteren uechtert d'Land.

De Centre de Promesses zu Rodange ass ganz enk mam Télévie verbonnen, well dësen ass e fixen Zenter, also een, deen all Joer dobäi ass. D'Rosa Clemente vun der Magazin-Ekipp war e Méindeg op der Plaz an huet déi éischt Schécke fir de gudden Zweck respektiv fir d'Kriibsfuerschung entgéintgeholl.

Schwätzen ech driwwer? Oder halen ech et fir mech.

Fir den Deputéierte Max Hengel war séier kloer, dass hie wéilt ëffentlech iwwert seng Diagnose Daarmkriibs schwätzen. Hien ass ee vu puer Mënschen déi sech bereet erkläert hunn och an eiser Télévie Woch oppen iwwer seng Krankheet ze schwätzen. A firwat hien dëse Schicksalsschlag mat der Ëffentlechkeet deele wollt. Wéi war dës Situatioun fir hien a wat bréngt esou en Temoignage engem selwer, mee och anere Leit?