Am Kader vun der 21. Editioun vum Lëtzebuerger Télévie gëtt och 2023 eng Télévie-Woch organiséiert. Den Optakt huet de Centre de Promesse Rodange gemaach.

D'Marie Gales war schonn e Méindeg de Moie fir den Optakt vun der Télévie-Woch am permanente Centre de Promesse zu Rodange. Zu Rodange huet den Télévie 2001 ugefaangen, do gouf sech um belschen Télévie inspiréiert, deen 1989 gestart war. Am Joer 2002 huet och Lëtzebuerg sech där grousser Aktioun ugeschloss an zanterhier hu Joer fir Joer Dausende vu Leit sech fir den Télévie engagéiert. Zanter dem Joer 2002 bis 2022 inclus konnten hei zu Lëtzebuerg iwwer 27 Milliounen Euro an d’Kriibsfuerschung investéiert ginn.

E Méindeg den Owend war de Magazin live op der Plaz zu Rodange.