Deier LiewensmëttelHistoresch Joreshaussë vu bis zu 13 Prozent op eenzel Produiten

RTL Lëtzebuerg
Iwwert e Joer gekuckt, si verschidde Liewensmëttel an de Butteker am Land ëm en Zéngtel méi deier ginn.
© RTL Grafik Archivbild

De Wirtschaftsminister confirméiert dës Zuele vum Statec a schwätzt vun historeschen Joreshaussë vun ëm 13 Prozent bei eenzele Produiten.

Am meeschte geklomme wieren zum Beispill d’Präisser vun Ueleg, Fett, Mëllechproduiten, Eeër a Geméis.

D’Joresinflatioun chiffréiert sech op 4,3 Prozent. Zu dëser Präisdeierecht géifen d’deier Liewensmëttel zu engem Drëttel bäidroen.

Am Novemver hat de Statec vun enger “substantieller Hausse” geschwatAktuell plangt d’Regierung net, fir d’Präisser fir Liewensmëttel ze limitéieren, sou wéi et bei den Energie-Fraisen de Fall ass. Gewaart gëtt och an deem Kader nach op en Avis vum Staatsrot iwwert e Gesetzesprojet, deen d’Konkurrenzrecht reglementéiert an och Maximalpräisser a Krisen erlaabt.

D’Froen zur Präisdeierecht haten den LSAP-Duo Cruchten an Di Bartolomeo hirem Parteikolleeg a Minister Franz Fayot gestallt.

Resultater vun enger RTL-Ëmfro iwwer Hausse bei Liewensmëttel
“Präisdeierecht bei de Liewensmëttel”

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro

Back to Top
CIM LOGO