E Samschdeg den Owend ass déi grouss Ofschloss-Sendung vum Télévie. Dës Woch besiche mer déi eenzel Zenteren uechtert d'Land.

Déi ganz Woch iwwer si mir an den Télévie-Zenteren ënnerwee, souwuel um Radio wéi och op der Tëlee am Magazin. E Méindeg huet de Centre de Promesses vu Rodange den Optakt gemaach. En Dënschdeg si mir an der Gemeng Schëtter op Besuch, wou d'Fabienne Zwally sech mat engem neie Scheck eramellt. An zwar huet d'Entreprise BDO fir de gudden Zweck fläisseg an d'Pedalle gedréckt – op hirem Spinning-Event, dee fir den Télévie organiséiert ginn ass. Am Interview gëtt den Daniel Croisé méi Detailer dozou. An de President vum Centre de Promesses Schëtter, de Serge Thein, erzielt mat wéi engen Aktivitéite Sue gesammelt goufen a wat eis dëse Samschdeg am Centre de Promesse erwaart.
Do dernieft hëlt d'Zoé Valente eis mat op Helperknapp, méi genee an d'Haus vun "Een Häerz fir Kriibskrank Kanner". Virun 23 Joer gouf dës ASBL vu betraffene Famillen a Frënn vu kriibskranke Kanner gegrënnt. D'Zoé ass selwer zanter 8 Joer bei der ASBL am Suivi a kennt hir Offer besser wéi keen zweet. Hatt gëtt eis en Abléck an d'Aarbecht an d'Aktivitéite vun der ASBL.