Policegewerkschaft SNPGLBodycams – Nee, Merci!

Monica Camposeo
"Ënner esou Konditioune brauche mir keng Bodycam", seet lo d'Policegewerkschaft, déi u sech Demandeur vun dem System war, virop am Interessi vum Polizist.
D'Diskussioun ëm Bodycams geet an déi nächst Ronn
“Ënner esou Konditioune brauche mir keng Bodycam”, seet lo d’Policegewerkschaft, déi u sech Demandeur vun dem System war, virop am Interessi vum Polizist.

Grond fir dësen Ëmschwong sinn Amendementer zum Gesetzprojet, déi zënter e puer Deeg virleien an no den Avise vu Staatsrot, Dateschutzkommissioun a consultativer Mënscherechtskommissioun geschriwwe goufen.
Den Text wier net gutt esou, huet den SNPGL e Méindeg den Owend op senger Generalversammlung ënnerstrach.

SNPGL awer net fir Bodycams / Reportage Dany Rasqué

Am Text gëtt elo en Ënnerscheed gemaach, ob d’Bodycam an engem Espace public oder engem Espace privé benotzt gëtt. Fir d’Perséinlechkeetsrechter ze schützen, wier dat zwar verständlech, seet de Vizepresident vum SNPGL, de Marco Richard, mä aus Siicht vun der Policetaktik suboptimal:

“D’Ausléise vun der Bodycam muss fir Polizisten a kritesche Situatiounen zum Reflex ginn. Esou e Reflex muss untrainéiert ginn an et schéngt elo scho sécher, datt d’Beamten a Stresssituatioune kaum fäeg sinn, tëschent de Konditiounen am Espace public an deenen am Espace privé z’ënnerscheeden. Fir datt d’Polizisten net riskéieren, bei ville Geleeënheete falsch ze sinn, well se reflexaarteg hir Bodycam ausgeléist hunn, ouni vun de Konditiounen hier dozou berechtegt gewiescht ze sinn, mussen iwwerall déi selwecht Konditioune gëllen.”

Problemer gesäit d’Policegewerkschaft och wann et drëm geet, wien déi Biller dono dierf kucken. Aktuell wier virgesinn, datt e Polizist deemno wéi eng schrëftlech motivéiert Demande un de Generaldirekter misst maachen, fir Accès zu de Biller ze kréien. Esou wéi den Text elo géif virleien, hätt en trotz allem gudde Wëlle méi Nodeeler wéi Virdeeler.

“Wann deen Text net däitlech verbessert gëtt, da wieren déi knapp 6 Milliounen, déi d’Bodycam der Fiche financière no iwwert déi nächst 5 Joer kascht, besser éierens anescht investéiert. Vum SNPGL haut an hei den däitleche Message un de Minister Kox: Ënner esou Konditioune brauche mir keng Bodycam an et soll keen higoen a behaapten, mir wiere mat deem Text deen elo um Wee ass averstanen.”

An awer fäert d’Policegewerkschaft, datt en elo kuerz virun de Wale mordikuss duerchgeboxt gëtt, well d’Bodycams am Koalitiounsaccord stinn.

CSV deelt Bedenke vu SNPGL, fir Déi Gréng priméiert de Schutz vum ëffentleche Raum

D’CSV deelt d’Bedenke vun der Policegewerkschaft zum Asaz vun de Bodycams. De Léon Gloden, CSV-Deputéierten a Member vun der Kommissioun fir bannenzegt Sécherheet, sot am RTL-Interview, dass eventuell de Staatsrot och kéint Bedenken zu deenen Amendementer hunn. D’Oppositiounspartei géing - wéi gesot - d’Kritik vun der SNPGL deelen.

Léon Gloden

D’Policebeamte sollen sech kënnen op d’Enregistrementer verloossen, mee och déi aner Persounen, déi involvéiert sinn. Et wéilt een awer keng Komplikatioun fir den Asaz vun der Police, zum Beispill wann sech muss d’Fro gestallt ginn, ob een an engem ëffentlechen oder private Raum ass.

De private Raum misst awer geschützt ginn, äntwert d’Rapportrice vum Gesetzesprojet, déi gréng Deputéiert Stéphanie Empain. Et géing dorëms goen, dee richtegen Equiliber ze fannen. Aktuell hätt hei am Land jo nach kee mat Bodycams operéiert, kéint si verstoen, dass sech dës Froe gestallt ginn. Op der enger Säit géing et déi intern Konditioune ginn, ma op der anerer Säit awer och d’Formatioun, déi den Asaz vu Bodycams och viséiert.

Stéphanie Empain

Och wann déi gréng Deputéiert Stéphanie Empain kéint verstoen, dass een sech am viraus Gedanke mécht, géing fir si de Fait priméieren, dass d’Recht op Privatsphär bei de Leit weiderhi soll garantéiert ginn. Soss wier och keng Akzeptanz an der Populatioun do.
Änlech huet sech och de Policeminister Henri Kox um RTL-Mikro geäussert. Fir de Polizist wier och haut scho kloer, dass am private Raum eng Rei Konditioune missten erfëllt ginn. Bodycams géifen do keen zousätzleche Stressfacteur bedeiten.

De Policeminister Henri Kox iwwert den Asaz vun de Bodycams

Back to Top
CIM LOGO