Manner schaffen, méi Zäit fir d Privatliewen a beschtefalls déi selwecht Pai: d’Diskussioun ëm eng eventuell Aarbechtszäitverkierzung gëtt och zu Lëtzebuerg kontrovers gefouert.
De Fazit vun der Etüd ass allerdéngs méi wéi onkloer. Bei enger Reduktioun vun der Schaffzäit misst een déi wirtschaftlech Situatioun vum Land kucken, d‘Gréisst vun den Entreprisen an déi verschidde Secteuren. Am Kloertext: et bräicht ee weider detailléiert Etüden. Bis ewell sinn nämlech just Studien aus dem Ausland matenee verglach ginn.
Den Aarbechtsminister, deem seng Partei sech d’38- Stonne-Woch op de Fändel geschriwwen huet, bleift awer dobäi: et géing em d‘Attraktivitéit vum Aarbechtsmarché goen. Dass manner schaffen den Aarbechtsmarché méi attraktiv mécht, léisst sech dem Liser no awer net wëssenschaftlech noweisen. An der Etüd gëtt vun engem eventuelle positiven Effekt am Conditionnel geschwat.
Rosen ass de Georges Engel doriwwer, dass d‘Patronat en Dënschdeg de Mëtten net do war. Dat mam Argument, et wier eng “Fake"-Versammlung, et hätt een an deem kuerzen Delai keng Zäit sech ze positionéieren.
Den Aarbechtsminister sot dozou: “Dat hei ass eng Presentatioun vun enger Etüd an d‘Patronat hält et net derwäert fir ze kommen. Ech fannen dat awer schonn e staarkt Stéck, dass se et net derwäert fonnt hunn, fir op eng Presentatioun ze kommen. Se hätte jo näischt misse soen; se hätte jo einfach kënne soen: Mir huelen dat zur Kenntnis, mir kucken, wat do raus komm ass a sëtzen eis zesummen. Sou wéi mir dat souwisou maache wäerten.”
Ob a wéi d‘Aarbechtszäit verkierzt kéint ginn, ass also net gewosst. Kloer schéngt awer, dass eng generaliséiert Aarbechtszäitverkierzung fir all d‘Secteure schwiereg ëmsetzbar ass.
