Et brauch nei Karriärschancë fir Jonker am Fleegesecteur
D'Copas huet e Mëttwoch am Virfeld vun de Chamberwalen op de Personalmanktem am Secteur reagéiert an der Politik hier Propose presentéiert.
Ënner anerem fuerdert d'Copas eng breet ugeluechtenn Informatiounscampagne, fir d'Fleegeberuffer an nei Karriärschancë fir Jonker. Eng Iddi wier et, de Beruff vun engem Technicien de Soin anzeféieren, deen tëscht dem Infirmier an dem Aide soignant läit an esou de Sputt tëscht engem zukünftege Bachelor/BTS an engem DAP fëlle soll.
Ma et bräicht een och Passerellen no ënne fir déi Leit, déi hier Infirmiersstudië virzäiteg ofbriechen, an dann awer als Aide soignant schaffe kënne missten.
E grousse Problem bleift fir d'Copas déi zwee ënnerschiddlech Kollektivverträg am Spidols-an am Fleegesecteur, well esou am Spidolssecteur däitlech méi bezuelt géing ginn. Hei bräicht et een eenzege Kollektivvertrag fir de Gesondheetssecteur. Aktuell kéinten d'Ënnerscheeder beim Salaire nämlech bis zu 17 % ausmaachen.
Donieft fuerdert een eng Hospitalisatioun à domicile, wou een ewell e Konzept erstallt hätt a sech zesumme mam Spidolssecteur als Cogestionnaire gesäit.
Kritik gëtt et dann och um Gesetzesprojet fir eng besser Qualitéit am Fleegesecteur, dat well de Familljeministère d'Kontroll an domat Verantwortung géing ofginn, a well d' Qualitéitskrittären, déi am Projet definéiert sinn, net ëmsetzbar wieren. Dat well dës ze zäitintensiv wieren.