Associatioun vun den Dokteren an ZänndokterenD'AMMD fuerdert eng eenheetlech Léisung bei der Digitalisatioun

RTL Lëtzebuerg
D'Gedold vun den Dokteren ass um Enn. Si setzen der Politik en Ultimatum vun zwou Wochen.
Konflikt tëscht der AMMD an der Santé
En halleft Joer ass et hier, dass d’Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren der Gesondheetspolitik d’Rout Kaart gewisen haten.

D’AMMD, d’Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren, hat e Mëttwoch ausseruerdentlech Generalversammlung a fuerdert eng Léisung, och wat d’Finanzéierung vun der Digitalisatioun betrëfft.

Et geet drëms, datt dem Patient seng Daten op enger Plaz zentraliséiert ginn. Domadder soll zum Beispill verhënnert ginn, datt Analysen duebel gemaach ginn oder, datt de Patient seng Rechnungen weider bei der Gesondheetskeess aschécke muss, fir d’Suen erëmzekréien

D’AMMD huet dofir d’GesondheetsApp entwéckelt, mä et gëtt och den elektronesche Patientendossier vun der Agence E-Santé, deen d’AMMD kritiséiert. Virop well do Informatiounen vum Patient zentraliséiert ginn, ouni datt se elektronesch ënnerschriwwe sinn. Et gouf op der Generalversammlung e Konsens mat de Ministeren Lenert an Haagen an der Gesondheetskeess, datt dat net dee richtege Wee ass.

D’AMMD gëtt der Politik elo zwou Wochen Zäit, fir eng gescheit Léisung ze fannen. Am anere Fall géife Motiounen a Kraaft trieden. D’Dokteren dreeën zum Beispill dermat, datt se net beim automateschen Zréckbezuele vun de Rechnunge matmaachen.

Back to Top
CIM LOGO