Wann ee sech d’finanziell Situatioun vun de Menagen ukucke géing, wier ee Fënneftel net capabel, eng onerwaarten Depense vu ronn 2.000 Euro aus eegener Täsch ze bezuelen, bei de Monoparentauxe sinn et souguer iwwer 40%.
Och stéing de Grand-Duché zum Beispill schlecht do, wat déi sougenannte Working Poor ugeet, also Leit déi trotz Aarbecht vum Aarmutsrisiko betraff sinn. Deen Taux läit zu Lëtzebuerg bei 13 Prozent. De Grand-Duché läit domat op der leschter Plaz an der Eurozon.
Op der anerer Säit géing den Aarbechtsmarché sech gutt entwéckelen, de Chômagetaux léich mat ënner fënnef Prozent esou niddreg wéi zanter Joren net méi. Allerdéngs géing d’Situatioun vun deene Jonke Suerge maachen. Eng néng Prozent vun de Leit tëscht 15 bis 24 Joer géife weder an d’Schoul, nach studéieren, nach schaffe goen. Bal d’Hallschent vun de Leit bis 22 Joer géingen an engem zäitlech limitéierte Kontrakt schaffen.
Den Temps partiel wier an de leschten 10 Joer staark geklommen, allerdéngs géif opfalen, dass Fraen nach ëmmer däitlech méi dacks esou eng Deelzäit-Tâche ufroen, fir sech doheem ëm d’Kanner oder aner Persounen ze këmmeren. Den Aarmutsrisiko wier bei Deelzäit-Aarbecht duebel sou héich, wéi bei enger Vollzäit-Tâche. Donieft géing d’Rolleverdeelung tëscht Männer a Frae riskéieren, d’Inegalitéite weider unzedreiwen.