Claude Haagen iwwert Ultimatum "erstaunt"
Nodeems d'Dokteschgewerkschaft am Sträit ëm d'Digitaliséierung vum medezinesche Secteur Drock mécht, weist sech den zoustännege Minister irritéiert.
"Mir sinn dialogbereet, mä fir d'éischt musse mer mol wëssen wat d'Fuerderunge sinn!" Esou reagéiert de Minister vun der Securité sociale Claude Haagen op en Ultimatum, deen d'Associatioun vun den Dokteren an Zänndoktere stellt.
D'AMMD hat jo e Mëttwoch op hirer ausseruerdentlecher Generalversammlung ënnert anerem domadder gedreet, net méi beim elektronesche Patientendossier matzemaachen, de Paiement immediat direct falen ze loossen, op d'mannst deelweis aus der Konventioun mat der CNS erauszeklammen a sech aus alle Kommissiounen zeréckzezéien, dorënner och déi vun der Nomenclature.
De Claude Haagen en Donneschdegowend vis-à-vis vun RTL.
"Éischtens sinn ech perséinlech doriwwer erstaunt, datt en Ultimatum kënnt. Ech war op der assemblée générale vun der AMMD. Do ass haaptsächlech iwwer d'Signature électronique geschwat ginn, wou mer jo deelweis e Konsens fonnt hunn. Iwwert déi aner Revendicatiounen par rapport zu engem Ultimatum hunn ech op alle Fall hei am Ministère näischt kritt, d'Madamm Lenert huet och näischt kritt, ech denken, datt dat dann nach kënnt a méi kann ech Iech dozou net soen. Op der Generalversammlung ass, wéi mir do waren, net iwwer en Ultimatum geschwat ginn an et ass och net iwwer 4 Millioune geschwat ginn."
Déi 4 Milliounen si Suen, déi d'AMMD bezuelt huet, fir hir GesondheetsApp entwéckelen ze loossen, en vue vun enger Digitalisatioun.
Dat huet si bezuelt a fuerdert elo, wéi se seet, eng "gescheit Léisung" fir dee Finanzement.