Den Iechternacher Séi geet endlech op, fir ze schwammen
Vum 1. Mee un, dierf een offiziell an enger Partie Gewässer dobausse schwammen. Och wann d‘Wieder e Méindeg nach net ganz matspillt.
Bis den 30 September ass et erlaabt, a verschiddene natierleche Gewässer ze schwammen. Dat sinn aktuell de Stauséi, de Séi zu Wäiswampech, genau wéi d'Baggerweieren. Ma e véiert Gewässer kënnt deemnächst dobäi.
700.000 Visiteuren huet dStad Iechternach all Joer – ëm déi 40 Prozent kommen aus dem Ausland. Eleng iwwert de Mount August sinn et gäre mol 100.000 Touristen. Eng Ofkillung mat Plage mécht d'Abtei-Stad do sécher net manner intressant a mécht, datt d'Zuel vun de Visiteure méiglecherweis nach emol an d'Luucht geet.
De Ben Scheuer, Ëmwelt- & Ekonomieschäffen vun Iechternach, zweiwelt net drun, datt een den Undrang u Leit packt: "Mir hunn iwwert déi lescht Jore vill Erfarunge gesammelt. Den Iechternacher Séi ass beléift, et sinn ëmmer vill Leit, déi zu Besuch sinn a bis ewell hate mir dat ëmmer ënner Kontroll."
Eng 800 Parkplaze stinn de Visiteure ronderëm de Séi zur Verfügung. Ugangs vläicht e bësse grouss gesinn – soll d'Schwamm-Capacitéit vum Séi Ugangs op 80 Ar reduzéiert ginn an iwwert déi nächst Joer op 2 Hektar ausgebaut ginn, esou de Ben Scheuer. "An enger zweeter Phas ass geplangt, nach Pontonen laanscht d‘Jugendherberg bäizefügen. Zum Schluss soll dann och Fëscher-Insel mat bäigeholl ginn."
Dräi Pontonen ginn nach fixéiert, fir do ze leien oder an d'Waasser ze sprangen. Den Deel fir ze schwammen, wäert déi nächst Deeg nach mat Boje vum Rescht vum Séi ofgetrennt ginn. Dobäi kennt eng Plage mat Sand.
Mat engem Retard geet den Iechternacher Séi op fir Schwëmmer
Et gouf nawell Retard beim Projet – u sech sollt d'Plage schonn 2022 opgoen. D'Bürokratie awer koum dotëscht, esou den LSAP-Schäffen: "De Retard koum doduerch, datt mer eis nach nei intern Reglementer hu misse ginn, fir d'Gemeng rechtlech ofzesécheren. D'Schwammen ass op eege Gefor. Gläichzäiteg gouf e Verkéiers- an Offallkonzept ausgeschafft."
7 Joer gouf d'Ouverture preparéiert. Fir datt de Séi als europäescht "Badegewässer" deklaréiert ka ginn, mussen 3 Joer hannertenee Prouwe geholl ginn. Och eng sougenannten "Entschlammung" war néideg.
2021 gouf d'Entrée nei gestalt, d'Jugendherberg krut een neie Parking an och um Wee ronderëm de Séi goufen eng Rei Saache gemaach.
De 26. Mee ass et endlech esou wäit
De 26. Mee ass et da souwäit, wéi d'Stad Iechternach mellt. Den Entrée ass gratis.
Den Iechternacher Séi ass an de 70er Jore kënschtlech ugeluecht ginn a wäert dann elo déi véiert natierlech Schwamm-Méiglechkeet am Land sinn. Um Stau, op de Baggerweieren zu Rëmerschen an um Séi zu Wäiswampech, däerf een aktuell schonn an d'Waasser. D'Waasserqualitéit um Iechternacher Séi gouf fir dëst Joer vum Waasserwirtschaftsamt als "gutt" agestuuft.