Adaptatioune bei der Tattoo-ConventionSanté reagéiert op Kritik u Qualitéitskontrolle bei Tätowéierer

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, et géif een d'Suergen iwwert d'Hygiènes-Kontrollen an de Tattoostudioen verstoen.
© Afp

Eng deementspriechend Kritik gouf et jo en Donneschdeg de Moie vun eisem Invité vu der Redaktioun, dem Marion Thill. Hien ass President vun der Federatioun “Hair Beauty and Tattoo Guild”. En Interview vun der Santé krut RTL net, awer eng schrëftlech Reaktioun. An dëser gëtt erkläert:

“E Gesetz vun 2018 definéiert Hygiènes-Standarde fir Tattoo-Studioen, Formatioune fir d’Tätowéierer, reegelméisseg Kontrollen duerch d’Inspection Sanitaire an d’Responsabilitéit, fir Infektiounen oder soss ongewéinlech Reaktiounen op Tattooen ze mëllen.”

An Zukunft soll d’Formatioun am Beräich Hygiène, mat kloer definéiertem Contenue an Dauer, all 5 Joer erneiert ginn. Och Tätowéierer aus dem Ausland missten déi maachen.

Wat Kritik un der Hygiène bei der Tattoo-Convention ugeet, gëtt berouegt. D’Inspection Sanitaire wier zejoert do present gewiescht.

Op dës Interventioun hi wiere fir déi aktuell Editioun verschidden Adaptatioune gemaach ginn, esou d’Santé, déi nach ënnersträicht, datt ee beim Thema Tattoo-Studioe ganz enk mam Marion Thill a senger Asbl géing zesumme schaffen.

Back to Top
CIM LOGO