Dat nodeems den Architekten-Uerder OAI de kommunale Responsabele reprochéiert hat, de Konflikt mat Valentiny HVP ze mediatiséieren.

Weider wier den Architektebüro net adequat iwwer d'Resiliatioun vum Kontrakt informéiert ginn.

D'Reprochë vum OAI wiere falsch an zeréckzeweisen. Et hätt een zu kengem Moment d'Reputatioun vum genannte Büro wëllen attackéieren an et géing ee bei anere Projete weider mat dësem zesumme schaffen.

Beim PAP Campus Baggerweier hätten d'Vuen tëscht Gemeng an Architekt eben ze vill divergéiert. Et hätt een zu kengem Moment d'Medie prioriséiert an et hätt ee sech un d'demokratesch Reegele gehalen, sou nach d'Gemeng.