Weider mellt d'Police e gewaltsamen Iwwerfall an eng Verhaftung vun engem Drogendealer an der Stad esou wéi och Abréch an Autoen zu Diddeleng.

E Samschdeg an Nomëtteg gouf d'Police an d'Rue Bender an der Stad geruff, well hei eng alkoholiséiert Persoun randaléiert huet, nodeem si keen Zoutrëtt an e Bistro krut. Dobäi koum et zu enger Kläpperei tëscht der alkoholiséiere Persoun an där, déi si net an de Bistro wollt loossen. D'Police huet den alkoholiséiere Mann mat op de Büro geholl an et gouf eng Plainte géint hie gemaach.

Géint 2.30 Auer hat d'Police en Asaz an engem Bistro zu Rëmeleng, well hie e Mann aner Persoune mat enger Matraque menacéiert huet. Op der Plaz konnte d'Beamten de Mann an d'Waff nach ëmmer virfannen, et war awer net zu enger Ausernanersetzung komm. D'Matraque gouf saiséiert, d'Persoun koum an de Passagearrest an de Parquet gouf informéiert.

Weider schreif d'Police, datt an der Stad nach zwou weider alkoholiséiert Persounen d'Nuecht op e Sonndeg um Policebüro dierfte verbréngen.

E Samschdeg am Nomëtteg da goufen zwou Persounen an der Avenue de la Gare an der Stad aggresséiert an iwwerfall. En Affer hat dono eng Blessure um Kapp a krut den Handy an de Portmonni geklaut. Eng Plainte gouf gemaach.

Verhafte dogéint konnt d'Police an der Nuecht op e Sonndeg eng Persoun an der Stad, déi 170 Gramm Haschisch bei sech hat. De Parquet huet d'Drogen, den Handy an d'Sue saiséiere gelooss an d'Persoun koum nach e Sonndeg virun den Untersuchungsriichter.

Zu Diddeleng gouf dann nach an e puer Autoen agebrach. All Kéiers gouf d'Fënster ageschloen a Wäertsaache goufe geklaut.