Wéi, wou a wisou gëtt gewielt?

Déi eeler Generatioun war déi lescht Joerzéngte schonn e puer Mol wielen. Fir déi méi jonk ënnert eis kënnen dëst awer déi éischt Wale sinn.
Den 11. Juni 2023 sinn zu Lëtzebuerg Gemengewalen. Wat een alles iwwert d'Walen an d'Wielegoe wësse muss, fannt Dir hei am Resumé.
Wisou gëtt gewielt?
All 6 Joer sinn zu Lëtzebuerg Gemengewalen. Hei ginn d'Membere vun de Gemengeréit an den aktuell 102 Gemenge gewielt. Normalerweis sinn d'Gemengewalen am Oktober. Dëst Joer si se exzeptionell am Juni, well dëst Joer och Chamberwale sinn an dës schonn am Oktober sinn.
Mat hire Stëmme wielen d'Awunner den nächste Gemengerot vun hirer Gemeng an domat d'Leit, déi déi nächst 6 Joer dru schaffen an entscheeden, wéi et mat der Gemeng virugeet. Dofir ass et wichteg, sech iwwert d'Walprogrammer an d'Kandidaten ze informéieren, deene ee seng Stëmm gëtt. Wisou Wiele wichteg ass, huet och den Zentrum fir politesch Bildung an enger Rei Videoen thematiséiert.
Wien dierf wielen? Wie muss wielen?
All Awunner, deen déi Lëtzebuergesch Nationalitéit huet an tëscht 18 a 75 Joer al ass, muss den 11. Juni wiele goen. Zu Lëtzebuerg ass Wielen nämlech Flicht. Wann ee méi al ass wéi 75 Joer, dierf een weiderhin wiele goen, et ass awer keng Obligatioun.
Fir Net-Lëtzebuerger hu sech d'Konditioune fir Wielen ze goen dëst Joer geännert. Sou gëtt et keng Aschränkungen vun der Openthaltsdauer méi. Et muss een also keng fënnef Joer méi zu Lëtzebuerg wunnen, fir ze wielen. Ausserdeem konnt ee sech bis zu 55 Deeg virun de Walen an d'Lëscht androe loossen. En Net-Lëtzebuerger muss sech nämlech aschreiwen, fir kënnen zu Lëtzebuerg bei de Gemengewale Stëmmen ze verdeelen.
Wann ee sech op der Lëscht da bis agedroen huet, muss een awer och wiele goen.
Ass een den Dag vun de Wale verhënnert oder am Ausland, muss een d'Bréifwal ufroen. Dat geet just bis zu 25 Deeg virum 11. Juni respektiv bis zu 40 Deeg, wann de Bréif an d'Ausland geschéckt soll ginn.
Wann een trotz Flicht net wiele geet, kann ee sanktionéiert ginn. Ass et déi éischte Kéier, kann een eng Geldstrof tëscht 100 a 250 Euro kréien. Wann een an de 5 Joer no där Verurteelung widderhuelt net wiele geet, kann ee mat enger Strof vu 500 bis 1.000 Euro rechnen.
Wou gëtt gewielt?
Gewielt gëtt an där Gemeng, an där een ugemellt ass. Hunn ech mäi feste Wunnsëtz an der Stad Lëtzebuerg, muss ech och hei wiele goen. Wann een zum Beispill am Ausland wunnt, awer an der Stad Lëtzebuerg op enger Adress ugemellt ass, muss een awer an der Stad wiele goen.
E puer Deeg virum 11. Juni kritt Jiddereen, dee wiele goe muss oder dierf, e Bréif heemgeschéckt vun der Gemeng, wou drasteet a wéi engem Gebai den 11. Juni gewielt gëtt an a wéi engem Zäitraum.
Wéi gëtt gewielt?
Den Dag selwer muss ee sech am Walbüro presentéieren a seng Carte d'Identité virweisen. Hei kritt een da säi Stëmmziedel an dierf an d'Kabinn seng Kräizer setze goen. Wéi genee deen Ziedel ausgesäit, hänkt dovun of, wéi vill Awunner d'Gemeng huet.
A Gemenge mat manner wéi 3.000 Awunner gëtt nom Majorz-System gewielt. Hei mussen d’Wieler déi entspriechend Unzuel u Kräizer direkt hannert d’Nimm vun Kandidate setzen. Gemenge mat méi wéi 3.000 Awunner wielen nom Proporz-System. Hei kann de Wieler Kandidaten aus ënnerschiddleche Parteie bis zu 2 Stëmme pro Kandidat ginn oder direkt eng ganz Lëscht ukräizen.
Deemno wéi vill Awunner d'Gemeng huet, ginn tëscht 7 a 27 Kandidate gewielt. D'Gemeng Sëll huet manner wéi 1.000 Awunner. Hei si siwe Plazen am Gemengerot ze verginn. An der Stad Lëtzebuerg ginn 27 Kandidate gewielt.
Et dierf een nëmme souvill Kräizer setzen, wéi Plazen am Gemengerot sinn.