
Wéi dat däitscht Bundeskriminalamt (BKA) en Dënschdeg mellt, goufen am Kader vun Ermëttlunge géint eng international Band vu Bancomate-Sprenger an de Moiesstonnen néng Wunnengen zu Amsterdam, Helmond an Utrecht duerchsicht.
Bei der Interventioun goufen an Holland fënnef Leit festgeholl. Si gi beschëllegt, iwwer eng Millioun Euro geklaut ze hunn a bei am Ganzen 22 Bancomate-Sprengungen - ënnert anerem och zu Schëtter am Oktober 2021 an zu Tréier - e Materialschued an Héicht vun zwou Milliounen Euro ugeriicht ze hunn.
Déi Verdächteg sinn tëscht 23 an 38 Joer al an hunn déi hollännesch-marokkanesch Nationalitéit. Hinne gëtt organiséierten Déifstall an d’Ausléise vun Explosioune virgeworf. Dorop stinn an Däitschland Prisongsstrofe vu bis zu 10, respektiv 15 Joer.
Un de Perquisitioune waren ënnert anerem dat däitscht Bundeskriminalamt, de Parquet vun Düsseldorf an déi hollännesch Autoritéite bedeelegt.
Déi fënnef Beschëllegt goufen en Dënschdeg virun en hollänneschen Haftriichter bruecht, deen och iwwer méiglech Ausliwwerunge wäert entscheeden. Bei de Perquisitiounen ass et iwwerdeems och drëm gaangen, Verméigenswäerter ze sécheren a Beweismëttel wéi zum Beispill Kleeder, Handyen a Späichermedie sécherzestellen.
D’Ermëttlunge ginn iwwerdeems weider.