Reamenagement vun der Place de la Gare D'Iddi vun engem ënnerierdesche Vëlosparking

Diana Hoffmann
Tim Morizet
En Dënschdeg den Owend kruten d'Awunner aus dem Garer Quartier a vu Bouneweg d'Iddi presentéiert. Den Echo war éischter positiv, ma et stinn nach Froen op.
Reamenagement vun der Place de la Gare
En Dënschdeg den Owend kruten d’Awunner aus dem Garer Quartier a vu Bouneweg d’Idii presentéiert. Den Echo war éischter positiv, ma et stinn nach Froen op.

Et geet ëm d’Plaz virum CFL-Siège, lénks nieft dem Gebai vun der Gare, wann ee virdru steet. Eng Plaz, déi den Ament zoubetonéiert ass an déi an Zukunft soll vun de Leit genotzt ginn.

En ënnerierdesche Parking fir Vëloen ass d’Häerzstéck vun der Iddi, déi op der Informatiounsversammlung vun der CFL, der Stad Lëtzebuerg an dem Infrastrukturministère presentéiert gouf. Op 2 Stäck soll do Plaz fir eng 2.000 Vëloen a fir e Reparatur-Service sinn.

Bei enger Zort begréngtem Kiosk, wou e Geschäft kéint drakommen, géing een dann iwwer eng Ramp mam Vëlo eroffueren, erkläert den Architekt vum Büro “Metaform”, de Shahram Agaajani. De Parking géing souzesoe wéi en Autosparking funktionéieren, mat engem Gardien an der Entrée. Iwwerierdesch kéint ee sech da virstellen, Beem ze planzen an e Waasserspill z’installéieren, sou den Architekt. D’Plaz, déi ongeféier esou grouss ass wéi d’Place de Paris oder d’Place d’Armes, géing dono méi grouss schéngen.

E Vëlosparking ënner der Gare / Diana Hoffmann

D’Wuertmeldungen op de Projet, wann een et da schonn esou nennen dierf, ware ganz ënnerschiddlech. D’Majoritéit huet d’Iddi, dem Vëlo méi Plaz ze ginn, positiv opgeholl. Woubäi et awer Bedenke gouf, dass 2.000 Plaze kéint ze grouss dimensionéiert sinn. Den CFL-Direkter fir d’Gestioun vun den Infrastrukturen, den Henri Werdel, huet awer ugemierkt, dass “méi Vëlo” eng Saach wier, déi d’Clienten sech géinge laut Ëmfroe wënschen.

Ma et gouf och Kritik um Projet. Ënner anerem, dass en ënnerierdesche Parking d’Plaz selwer net géing méi attraktiv maachen. Se géing ëmmer nach e “Lieu de transition” bleiwen. Zwee Awunner aus dem Quartier haten dann Angscht, dass Drogendealer sech géingen op der Plaz erëmdreiwen an dass Leit géingen de Parking verknaschten. D’Diskussioun ass kuerzzäiteg an de Sujet vun der Sécherheet am Garer Quartier an den Appell no méi Policepresenz ofgerëtscht. De Bauteminister François Bausch huet awer ugemierkt, dass wann een déi richteg Infrastrukture géing schafen, een d’Plaz nees géing beliewen. Sou kéimen dann och déi Leit, déi een do wéilt hunn.

Éischter zu de Kritiker vum Projet huet och d’Buergermeeschtesch vun der Haaptstad, d’Lydie Polfer, gehéiert. Och si bezweifelt, dass een esou vill Parkplaze fir Vëloen op där Plaz brauch. Si ass der Meenung, dass dës misst accessibel fir all Transportmëttel bleiwen a freet sech, ob ee kéint grouss Beem op d’Plaz planzen, wann e Parking drënner ass. Doriwwer eraus ass si besuergt, dass d’Aarbechte fir esou e Projet sech géingen iwwer Joren hinzéien. Fir hiren 10 Minutte laangen Discours gouf et Applaus vun de Leit am Sall.

Bis et awer emol zum Reamenagement vun der Place de la Gare komme kann, wäerten nach Jore vergoen. Virdru wäerten nämlech nach sämtlech Gebaier ëm d’Plaz renovéiert ginn, wat tëscht 3 an 10 Joer kéint daueren, wéi de François Bausch betount huet.

Ma en Dënschdeg wollt een awer schonn emol de Bols bei de Leit fillen, an eng Iddi proposéieren, wéi d’Plaz, déi der CFL gehéiert, eemol kéint ausgesinn. Ouni scho wëllen e fäerdege Projet z’ënnerbreeden.

Back to Top
CIM LOGO