Hausse vun 20 Cent op de Pak Zigaretten

© AFP (Archiv)
Lëtzebuerg steet schlecht do a puncto Tubakskonsum.
Dass Fëmmen ongesond ass, dat dierft gewosst sinn. Et gouf schonn X Campagnen. An awer ass de Message nach laang net iwwerall ukomm. Dat confirméiert déi rezent Etüd iwwert d'Fëmm-Gewunnechten am Land. D'Situatioun ass weiderhin net gutt.
Mir stounge schonn historesch gekuckt net gutt do an et schleeft virun. Mir ginn eisen Ambitiounen definitiv net gerecht, esou d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert.
Virum Summer wäert de Pak Zigaretten nach emol 20 Cent méi deier ginn. Et hofft een, déi Jonk dervunner ofzehalen, iwwerhaapt mam Fëmmen unzefänken. Parallel gëtt et manner attraktiv fir d'Leit aus der Grenzregioun, fir massiv Tubaksproduite kafen ze kommen.
Heiheem hu mer 28 Prozent vun de Leit iwwer 16 Joer déi fëmmen, iwwer 2/3 vun hinnen all Dag.
Vun den 72%, déi net fëmmen, ass ee vu fënnef, dee fréier gedämpt huet.
Problematesch bleift et bei de Jonken, esou d'Direktesch vun der Fondation Cancer Lucienne Thommes.
"Wat eis intresséiert, sinn déi Jonk, well eis läit et drun, dass déi Jonk net ufänke mat Fëmmen. Et ass awer nu mol esou, dass deen Taux nach vill méi héich ass wéi d'Moyenne. Dee Contingent, déi am meeschte fëmmen, bleiwen déi 25- bis 34-järeg mat 34%, dat ass zwar eng liicht Baisse, mä et ass a bleift awer extrem héich."
Fréier hu méi Männer gefëmmt wéi Fraen. Deen Ecart ass op just nach zwee Prozentpunkten zeréckgaangen. Bei de Senioren hunn d'Fraen d'Iwwerhand. Och bei der Shisha sinn déi Jonk wäit vir beim Konsum.
Et ass zum Deel vun aggressivem Marketing an der falscher Sécherheet, dass et net schiedlech ass, esou de Pedro Marquez Coordinanteur vum nationalen Anti-Tubak-Plang
"Waasser ass als Filter komplett ineffikass, dat mécht, dass de Produit nach méi schiedlech ass. Also d'Shisha ass u sech ee vun de schiedlechste Produiten, déi mir hunn a puncto Tubaksproduiten."
Dat selwecht gëllt fir d'elektronesch Zigarett. 50% vun de Fëmmerten hunn iwweregens uginn, an den nächste 6 Méint wëllen opzehalen. Bei Jonke sinn et 55%. An der Moyenne si bis zu 4 Uleef néideg, bis een et gepackt huet.

© Jean-Marc Sturm