"Net déi Mixitéit erreecht, déi mer wollten"

© MINT
Wéi vill Kandidatinne gi mat an d’Walen a wat ass de Kandidaten hiren Alter an hir Nationalitéit? D’Inneministesch Taina Bofferding huet de Bilan gezunn.
Bei de Gemengewalen dëst Joer triede méi Fraen u wéi nach 2017. 39 Prozent vun de Kandidate si weiblech. Deemno 61 Prozent Männer. Viru 6 Joer louch den Taux vun de Fraen nach bei 35,6 Prozent.
Et gëtt bei de Gemengewalen zwar keng Quot u Fraen, déi festgeschriwwen ass, mee 6 vun 10 Parteien hunn op hire Lëschten den Taux vu 40 Prozent Fraen erreecht, zu deem se sech selwer verflicht hunn. An der Gemeng Ärenzdall a bei der Sektioun Waldbriedemes vun der neier Gemeng Bous-Waldbriedemes, ass keng Fra op der Lëscht. Et wier ee mat dësem generelle Resultat net ganz zefridden, well een net wierklech bei der Mixitéit wier, déi ee wollt erreechen, sot d'LSAP-Inneministesch Taina Bofferding.
Bei der Altersmoyenne vun de Kandidate läit ee bei 48 Joer. Dee jéngste Kandidat wäert den Dag vun de Walen 18 Joer hunn a geet bei der DP mat. Den Eelste geet bei Déi Konservativ mat a wäert deen Dag 85 Joer hunn. Generell sinn an alle Parteien d’Kandidaten tëscht 40 a 59 Joer am stäerkste representéiert. Bei der ADR an der KPL sinn awer méi eeler Kandidaten dobäi.
E weidere Punkt, bei deem dMinistesch seet, et kéint een net wierklech zefridden domat sinn, ass dee vun der Representativitéit vun der Bevëlkerung bei de Kandidaten. Just 10 Prozent wieren net Lëtzebuerger. Dobäi misst een awer beuechten, dass eng ganz Rëtsch Leit eng duebel Nationalitéit hätten. Wann eng dovunner awer Lëtzebuerger wier, da géing de Kandidat als Lëtzebuerger gelëscht ginn. D'Piraten hunn dee gréissten Undeel un Net-Lëtzebuerger, d'CSV dogéint dee geréngsten.
Déi meescht Lëtzebuergesch Kandidaten huet d'CSV (94%, 565), duerno d'DP (92%, 573). Als nächst kommen d'LSAP (90,5%, 479), d'KPL (87,8%, 43), déi Konservativ (86,8%, 33), d'Adr (84,4%, 141), Déi Gréng (83,9%, 412), déi Lénk (82,2%, 111), Fokus (81%, 51) an zu gudder Lescht d'Piraten (78,7%, 159).
D'Inneministesch Taina Bofferding huet dann nach versprach, et wéilt een de Prozess an d'Prozedure vun de Gemengewale genee suivéieren, fir der neier Regierung d'Méiglechkeet ze ginn, dësen ze reforméieren. "D'Prozedure stamen net aus dem leschte Joerhonnert, mee quasi dem virleschten", huet d'Ministesch et beschriwwen. Vill Formulairë missten nach op der Hand ausgefëllt ginn. Nom Waldag wëllt een e Bilan zéien, deen der nächster Regierung soll virgeluecht ginn.
Um Walowend selwer wäert d'Musek da vum Centre des technologies de l'information de l'Etat (CTIE) vum Cents aus spillen. Hei kommen d'Walresultater aus alle Gemengen aus dem Land zesummen, mat Ausnam vun der Haaptstad an Esch, wou Ekippe wäerten op der Plaz sinn, dass de Prozess ka méi séier oflafen.
D'Resultater ginn dann op RTL.lu an op elections.public.lu publizéiert. Dobäi handelt sech awer dann nach net ëm déi offiziell Resultater. Definitiv an offiziell sinn dës eréischt, wann am Interieur d'Procès verbaux vun den Haaptwalbüroe kontrolléiert sinn. An den Delai vun 15 Deeg fir Recours virum Verwaltungsgeriicht anzeleeën, ofgelaf ass.
Déi nei Schäfferéit mussen da bis den 1. September am Interieur assermentéiert sinn.