Luxair mat Probleemer bei Vakanzevollen
Amplaz an d'Vakanz ze fléien, bloufe vill Passagéier vun der nationaler Airline de Päischtweekend um Buedem. Et sinn nämlech 16 Flich ausgefall.
Vill Leit hate sech hire Päischtweekend oder den Ufank vun hirer Vakanz anescht virgestallt. Fir iwwer 1500 Luxair-Clienten gouf näischt aus "fly in good company". Hinnen an och der nationaler Fluchgesellschaft haten technesch Problemer e Stréch duerch d'Rechnung gemaach.
Zwee Fligeren hu missten um Buedem bleiwen an dat huet bedeit, datt 8 Aller/Retouren, respektiv 16 Vollen ausgefall sinn.
"Dat hat e groussen Impakt fir vill Leit. Ech géing elo net vun engem Albdram schwätzen, mä natierlech ass et net schéin, wann d'Vakanz net kann zu deem richtegen Zäitpunkt ufänken", dat seet de Luxair Generaldirekter Gilles Feith.
Et goufen net just Annulatiounen, mä och Retarden. Eng Situatioun, déi dozou gefouert huet, datt verschidde Passagéier nervös goufen.
D'Personal vun der Luxair hätt dat gutt geréiert, et hätt eng exzellent Aarbecht gemaach, fënnt de Chef. "Seng" Fluchgesellschaft wier eng responsabel Airline, déi an esou Fäll alles géif maachen, wat néideg wier.
"Mir hu bis elo, menges Wëssens, nach ni Clienten am Stach gelooss. Natierlech ass et esou, datt verschidde Clienten mengen, si missten dann nach méi Kompensatioune kréien, wéi dat legal méiglech ass. Dat ass ganz schwiereg. Et ass dobausse gewosst, datt d'Luxair an engem ganz kompetitiven Ëmfeld ass, wou d'Konkurrenz dacks net déi selwecht Mesuren hëlt wéi mir."
De Weekend iwwer hu verschidde Clienten hirer Roserei Loft gemaach an do huet et och alt emol geheescht, d'Annulatiounen stéingen a Verbindung mat engem Personalmanktem. Dat stëmmt net, seet d'Michelle Cloos vum OGBL.
"Dëse Weekend war et effektiv esou, datt et do technesch Problemer goufen. Et koumen eng Rei Saachen zesummen, déi net geplangt waren, déi och net konnte geplangt ginn a wou da leider Flich hu missten ofgesot ginn. Dat ass natierlech ëmmer schlëmm fir d'Leit, déi betraff sinn, mä dat ass näischt wat een hätt kënnen duerch eng aner Personaldecken verhënneren."
Den OGBL fuerdert awer datt bei der Luxair weider rekrutéiert gëtt. Et géif dacks enk beim Personal ginn, well Demande elo no Covid staark an d'Luucht gaangen ass.