Steierkredit"Grad elo", sou CSV, "absolut Prioritéit", sou Piraten, "kee Courage", sou Fokus

RTL Lëtzebuerg
No de Piraten ass och d'CSV der Meenung, datt den neie Steierkredit "esou séier ewéi méiglech" bei de Leit soll ukommen.
© AFP (Archiv)

Wéi RTL de Moie gemellt hat, wëll de Finanzministère jo, datt den neie Steierkredit nach virum Summer gestëmmt gëtt, mä déi zoustänneg Chamberkommissioun kéint näischt maachen, soulaang den Avis vum Staatsrot net virläit.

Den CSV Co-Fraktiounschef Gilles Roth sot am RTL-Interview, d’Leit missten entlaascht ginn “grad elo” wou d’Präisser queesch duerch d’Land a queesch duerch d’Produkter klammen. De Gilles Roth, deen och Member vun der Chamber Spezialkommissioun “Tripartite” ass, huet och betount, datt 7 Indextranchen zanter 2017 erfall sinn an zanter hier keng Upassung vum Barème ënnerholl gouf: “dat ass net gutt, well Dir hutt Leit, déi zum Beispill 4.000 Euro Salaire oder Pensioun hunn, a wann déi 100 Euro bäikréien, da bezuelen se dem Staat 40 Euro dorobber”. Dat wier “einfach ze vill”, wann ee géing kucken, wat fir eng Laascht op d’Leit zoukënnt, sief et bei de Kreditter oder bei der Schoulrentrée am September.

Extrait Gilles Roth
....

Fir d’Piraten ass och kloer : “All Projet, deen d’Leit entlaascht muss absolut Prioritéit hunn”. D’Instanzen misste beim Steierkredit “Gas ginn”, sou den Deputéierte vun de Piraten de Sven Clement am RTL-Interview. Hien huet awer gewarnt, datt d’Regierung eng honnert legislativ Texter an der Chamber deposéiert hätt, mä de Staatsrot virum Summer méiglecherweis just een Drëttel dovunner kéint aviséieren. Dobäi kéim, datt d’Majoritéitsparteie keng Sitzunge vun der Chamber no der Vakanz méi wéilte organiséieren, well den 8. Oktober Chamberwale sinn.

De Sven Clement gesäit dat als “problematesch” un. “D’Chamber hätt direkt kënne mam Depot vum Projet drop schaffen”, sou de Pirat. Reng theoretesch kéint d’Chamber e Projet och stëmmen, iert den Avis do ass, a “pokeren”, datt d’Dispens vum zweete Vott kënnt. “Dat gesot, läit et och an den Hänn vun de Regierungsparteien, firwat déi Texter nach net beschaaft goufen, iert den Avis vum Staatsrot do ass”, sou nach de Sven Clement. Ënnert den aktuelle Reegelen an der Chamber hätt d’Oppositioun keng Moyenen, fir datt et méi séier geet.

Extrait Sven Clement (1)
Den Deputéierte vun der Piratepartei doriwwer, datt Projeten, déi d’Leit entlaaschten, Prioritéit musse kréien.

“Et ass un der Regierung, fir dem Staatsrot eng Prioritéitelëscht ze ginn”, seet och de Gilles Roth, mee “quitt datt de Staatsrot nach ëmmer selwer kann doriwwer decidéieren, wéi eng Gesetztexter si séier aviséieren”. De Steierkredit wier fir hien awer ganz kloer eng Prioritéit.

PDF Schreiwes Fokus

Back to Top
CIM LOGO