Zwee Lëtzebuerger um gréisste Wëssenschaftsconcours an Texas mat dobäi
Eng 73 Schüler a Schülerinne sinn dëst Joer zu Lëtzebuerg beim Concours Jonk Fuerscher ugetrueden.
Zwee vun hinne konnten de Grand-Duché duerno nach am Ausland representéieren, um gréisste Wëssenschaftsconcours an Texas. Fir beim International Science and Engineering Fair (ISEF) matzemaachen, muss een nach am Lycée sinn an eng national Competitioun gewonnen hunn. Et sinn déi éischt Schrëtt an der Wëssenschaft, déi déi jonk Participante maachen.
De Maxime Buck an de Moritz Rohner sinn allen zwee 16 Joer an hunn fir déi éischte Kéier bei Jonk Fuerscher matgemaach. Dem Moritz ass d'Iddi fir säi Projet an enger Optioun an der Schoul komm, an där ee Kapselen aus enger gewëssener Héicht fale léisst an da moosse muss. "Ech hu mech du gefrot, ob een déi Kapsele just mat Drockloft lande kann. Ech hunn dunn ugefaangen, dat duerchzerechnen. An doraus ass mäi Projet entstanen", erzielt de 16 Joer ale Schüler aus dem Lycée de Garçons Esch.
De Maxime Buck ass Schüler am Michel Rodange an huet ee Computerspill entwéckelt, inspiréiert ass et un enger klassescher Jickebunn. Den Ënnerscheed läit an der Technik, et spillt ee mat engem Virtual-Reality-Brëll. Domadder huet de Maxime och e Probleem geléist, dat hien a senger Kandheet dacks hat an och haut nach bei sengem klenge Brudder gesäit: "De Probleem ass, wann een ufänkt mat bauen, da wëll een ëmmer méi grouss bauen. Iergendwann kënnt de Moment, wou een net méi genuch Stécker huet. Et brauch ee keng Ressource fir nei Stécker ze maachen. Et kann een onendlech vill Stécker benotzen an alles bauen, wat e wëll."
Anescht wéi vill aner Spiller wier bei sengem och, dass ee ganz ouni Manetten auskënnt, mee duerch d'Kamera am Virtual-Reality-Brëll kann ee seng eegen Hänn benotzen, fir d'Spill "Marble VR" ze spillen.
Et waren zwee grouss Projeten, déi sech am Mee an Texas mat enger internationaler Konkurrenz misste moossen. 1.700 Jonker aus 75 Länner maachen um ISEF mat. Präisser ginn et a ville verschiddene Kategorien. "D'Präisiwwerreechung huet dräi Stonne gedauert an déi ganzen Zäit weess een net, ob ee wäert geruff ginn oder net. Dofir ass et wierklech e ganz spannende Moment."
Um Enn ass de Maxime Buck souguer mat enger 4. Plaz an der Kategorie "Systems Software" Heem gaangen. E Präis, dee vum Sponsor Microsoft mat 500 Euro belount ginn ass.
Schonn 52 Editioune sinn et zu Lëtzebuerg vun de jonke Fuerscher ginn. D'Sousana Eang ass d'Direktesch vun der Fondation Jeunes Scientifiques Luxembourg a gesäit vill Virdeeler fir déi jonk Participanten.
"Il faut savoir que le concours est extracurriculaire, ça veut dire que les jeunes ont la possibilité pour choisir leurs projets dans n’importe quel domaine. Finalement le concours est une platform d’expression. C’est une chance pour les jeunes de pouvoir s’exprimer, de rencontrer des autres jeunes, qui ont les mêmes intérêts et avoir l’opportunité de gagner des prix."
Fir matzemaachen, muss een tëscht 11 an 21 Joer al sinn. Méi Informatiounen iwwert jonk Fuerscher fannt dir hei.