Neie Service fir Famillen, déi nei zu Lëtzebuerg ukommen

© RTL Archivbild
All Joer kommen eng 4.000 Schülerinnen a Schüler aus dem Ausland nei an de Lëtzebuerger Schoulsystem.
Vum Summer u solle Famillen déi aus dem Ausland zu Lëtzebuerg ukommen an engem Guichet unique bei der Orientatioun vun hire Kanner am Lëtzebuerger Schoulsystem gehollef kréien. Dat deementspriechend Gesetz soll nach virum Summer an der Chamber gestëmmt ginn a gouf elo vum Educatiounsministère virgestallt.
Domat gëtt en neie Service fir d'Integratioun an den Accueil an der Schoul (“SIA”) geschaaft, dee bei Froen zu der Orientatioun esouwuel an der Grondschoul wéi och am Lycée hëllefe soll an dann och e Suivi vu bis zu 2 Joer assuréiert. All Joer géingen eng 4.000 Schülerinnen a Schüler nei an de Schoulsystem kommen, sou den DP-Bildungsminister Claude Meisch, well hir Elteren heihinner schaffe kommen oder och well si aus engem anere Land hu misse flüchten.
"Da wësse mer awer och, wa mer soe gutt Bildung fir jiddereen, datt mer do nach e Stéck wäit dervunner ewech sinn, dat soen eise déi sëllege Bildungsetüden, déi national, déi international an dat och net zanter gëschter."
Duerch international ëffentlech Schoulen an d'Alphabetiséierung op franséisch an der Reegelschoul géing ee verschidde Parcoursen ubidde fir deem entgéint ze wierken, ma d'Kanner missten dann och richteg orientéiert ginn.
"Vill vun deene Famillen, déi bei eis kommen, gëtt et nach ganz vill aner Prioritéiten, wéi elo de ganze Bildungssystem kennen ze léieren, déi eenzel Bildungsofferen sech unzekucken, d'Differenzen do ze maachen an ze kucken, wat passt da lo am beschten bei mäi Kand. Bei ville Kanner ass et awer esou, datt dann dat wat am nooste läit, wou een am beschte mam Bus hikënnt oder d'Schoul eben direkt am Quartier, datt déi gewielt gëtt an datt net e bewosste Choix gemaach gëtt."
Deen neie Service soll also hëllefen, eng Schoul ze fannen déi bei d'Kand passt. Dobäi géing och net méi, wéi bis elo üblech, just d'sproochlech Kompetenze gekuckt ginn, esou de Pierre Reding, Direkter fir Integratioun am Educatiounsministère.
"Wat kann dat Kand nach alles, wat huet et bis elo scho vu Parcours scolaire gehat, wéi sinn seng Fäegkeeten an der Mathematik, an de Sciencen, mä awer och an den expressive Fächer, am Sport an an de kulturelle Fächer."
An et géing mat der Famill gekuckt ginn, wat hire Projet wier, wéi laang se zum Beispill am Grand-Duché wëll bleiwen. Nieft der Aarbecht mat de Famille géing den neie Service awer och mat de Schoule schaffen, esou de Pierre Reding, Integratiounsdirekter um Educatiounsministère.
"Bis elo hate mer ganz seelen, dass d'Schoul preparéiert war op déi nei Schüler, dat heescht, déi Informatiounen, déi gesammelt goufen do am Service, déi ginn da weider un déi Schoul, déi zeréckbehale gouf, mat där zesumme gouf dann och gekuckt "hei kënnt dir dat Kand ophuelen" an da kënnt dat an da kréie se all déi Informatiounen, déi mir schonn hunn iwwert dat Kand oder déi Kanner vun der Famill déi do kommen, mä awer och Informatiounen iwwert dat Land iwwert dee Schoulsystem."
Den neie Service ass dann och zoustänneg fir d'Interkulturalitéit, déi d'Schoulen an Zukunft an hir Entwécklungspläng ophuele sollen, sou de Pierre Reding.
"An dat soll sech net beschränken op e Fest, wou eng Kéier d'Mamme vun deene Kanner eppes ze iesse kache fir déi aner, mee dat sollt schonn awer och didaktesch en Nidderschlag hunn an de Klassen, fir dass d'Enseignante wëssen, wéi se mat deene Kanner ëmginn."
D'Equipe, déi am Service schaffe wäert, gëtt et schonn a gouf a Preparatioun fir déi nei Tâchen an de leschte Joren op 36,55 Equivalent plein tempsen opgestockt. Dobäi kommen um Niveau vun den interkulturell Mediateuren den equivalent vun 11 Vollzäitposten, déi fest fir de Ministère schaffen, 75 Freelance-Mediateuren an 53 Equivalent temps pleinen am CDD, déi spezifesch fir déi ukrainesch Kanner a Famillen do sinn. Donieft kritt an all Schoul eng Persoun eng Decharge als Uspriechpartner.
Fir d'Elteren iwwert de Service z'informéiere géing Campagne an de Gemenge gemaach ginn an och am Ausland iwwert d'Ambassaden, esou de Pierre Reding. Duerch d'Gesetz gëtt iwwerdeems d'Méiglechkeet opgemaach, an Ausnamefäll Accueilsklasse fir Kanner, déi nei ukommen an de Primärschoulen z'organiséieren. Dat wier awer just geduecht fir Situatiounen an deenen zum Beispill vill Flüchtlingen ukommen. Am Secondaire ginn dann Accueilscoursen agefouert, wou d'Schüler just fir eenzel Fächer aus der Klass erausginn, wéi dat schonn an der Grondschoul gemaach gëtt.