Energieminister wëll de Baueren eng pragmatesch Léisung ubidden

D’Majoritéit vun de Bauere profitéieren net vun de staatleche Mesuren, fir déi héich Energiepräisser ofzefiederen. Dat beklot d’Centrale Paysanne.
De Gros vum Agrarsecteur géif net vum Präisdeckel op der Energie profitéieren, virop a Saache Stroum. D'Regierung hat decidéiert, dass d'Präisser um Niveau vun 2022 stabiliséiert ginn, fir Stéit, déi en Energieverbrauch ënner 25.000 Kilowatt d'Stonn am Joer hunn.
D'Bauere gesi sech penaliséiert, well se an hirem Betrib dacks een eenzege Compteur hunn, fir d'Wunneng a fir d'Installatiounen wéi Sträichmaschinnen. Esou wier ee séier iwwert d'25.000 Kilowatt.
Den Energieminister Claude Turmes proposéiert eng pragmatesch Léisung.
Via d'Klima-Agence wëll een d'Bauere vun de Virdeeler vun der erneierbarer Energie iwwerzeegen a se op deem Wee begleeden.
"Wann ech 62,5% u Subsid kréien, fir eng Solaranlag op mäin Daach ze maachen, dat ass dee gréisste Subsid, deen d'Regierung ka ginn. Deen ass vill méi wäert, dëst Joer an dat nächst Joer, wéi all déi Aiden, déi mir ginn iwwert déi Tripartitesmesuren. A wann ech deen Invest maachen, dann hunn ech bëllege Stroum fir déi nächst 30 Joer. An dofir ass dat, mengen ech, de gëllene Wee fir d'Baueren a mir wäerten hinnen hëllefen iwwert d'Klimaagence, mat op dee Wee ze goen"