Ombudsman fir Kanner a JugendlecherLeit um Terrain maache sech Suergen iwwer "Empathielosegkeet bei Jonken"

RTL Lëtzebuerg
De Charel Schmit reagéiert op d'Zeenen, déi rezent an der Stad gefilmt goufen, an dorobber, datt dës Biller an de Mobbing de Wee an den Internet fannen.
Leit um Terrain maache sech Suergen iwwer "Empathielosegkeet bei Jonken"
De Charel Schmit reagéiert op d’Zeenen, déi rezent an der Stad gefilmt goufen, an dorobber, datt dës Biller an de Mobbing de Wee an den Internet fannen.

OKAJU iwwer Gewalt bei Jugendlechen / Reportage Michèle Sinner

Nodeems en Donneschdeg e Video vun engem Meedchen, dat vun engem anere geschloen an humiliéiert gëtt, op de soziale Medien zirkuléiert, ënnersträicht den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit, datt d’Affer musse richteg opgefaange ginn an direkt souwuel psychosozial, wéi juristesch betreit ginn.

Datt sech esou Fäll heefen, wier onméiglech ze soen, well “mer iwwer déi lescht Joerzéngten et net fäerdeg bruecht hunn, genau de Phenomen vun der Jugendkriminalitéit a sou Phenomener ausräichend statistesch an och kriminologesch auszewäerten.

Et kéint een deemno net vun Eenzelfäll aus extrapoléieren, mä d’Leit um Terrain, seet de Charel Schmit, maache sech Suergen. “Iwwert Empathielosegkeet bei jonke Mënschen op där enger Säit a Forme vu Gewalt an hirem Alldag erliewen, déi ënnerschiddlechst Forme vu Gewalt.

Dat wier engersäits Gewalt am eegenen Heem. “An natierlech och strukturell Gewalt, doduerch datt d’Bildungschancen net gi sinn, doduerch datt vläicht och eng ganz Partie Zukunftschancë verbaut sinn. Dat si Froen, deene sech eng Gesellschaft och muss stellen. Et ass en immensen Drock haut op de Kanner a Jugendlechen.

Den aktuelle Fall géif eng extrem Gewalt weisen, esou den Ombudsmann. “An dann ass déi Form, doduerch, datt et verbreet ginn ass iwwer déi onsozial Medien, muss ee scho soen, natierlech nach eng zousätzlech Traumatiséierung.

Dofir bedauert hien, datt “politesch bis ewell vill ze wéineg ënnerholl ginn ass, fir grad déi Gewalt, déi sech iwwert sozial Medie weiderverbreet, fir déi aktiv ze bekämpfen an et net de Kanner an hiren Elteren ze iwwerloossen. Mä do mussen déi grouss Plattforme vill méi an d’Flicht geholl ginn.

De Charel Schmit seet den neie Gesetzeskader fir de Jugendschutz an d’Jugendstrofrecht, deen um Instanzewee ass, wier eng Urgence. Dat fir souwuel d’Rechter vu mannerjärege Gewaltaffer wéi vu mannerjäregen Täter an Täterinnen ze stäerken, wéi och fir mannerjäreg Täter an Täterinne méi ze responsabiliséieren. Doriwwer misst een awer och d’Fro stellen, esou de Charel Schmit:

”... ob et net eng national Ulafstell muss ginn, en Nummer 100 wéi a Frankräich, en Nummer 119 fir all Froe vu Kannerschutz. Oder eben esou Virfäll, fir dat hei direkt ze melden, wou spezialiséiert Ekippe kënnen direkt intervenéieren. Zesumme mat de Police- a Justizautoritéiten, awer och mat Sozialservicer kënnen adequat an der Situatioun reagéieren. An dat ass eppes, wat méi accessibel soll ginn, vun der éischter Stonn un.

Affer a Famillje solle sech un d’Police an de Jugendschutz wenden, seet hien. Ween esou Biller geschéckt kritt, soll se bei BeeSecure mellen.

Wou kritt een Hëllef?

Kanner a Jugendlecher kënne sech um Kanner- a Jugendtelefon um Nummer 116111 mellen.
Donieft ginn et mam CePAS och Ulafstellen an de Schoulen a Lycéeën.

Erwuessener kënnen op den Nummer 45 45 45 vun SOS Détresse uruffen.

Hëllef kritt een am Fall vu Mobbing och bei der Mobbing asbl.

En Iwwerbléck op all d’Ulafstellen, déi et zu Lëtzebuerg gëtt, fënnt een um Internetsite: www.prevention-suicide.lu

Wann ee selwer am Fall ass, kann ee sech och zu all Moment bei der Police mellen.

RTL-News: Mobbing a Gewalt géint mannerjäregt Meedchen - Mamm: “D’Police sot eis, hinne wieren d’Hänn gebonnen”

Back to Top
CIM LOGO