D'Lëtzebuerger Wirtschaft ass an Ënnertouren

© Statec
A senger neier Konjunkturnott ajustéiert de Statec d'Previsioune fir de Wirtschaftswuesstem op dëst Joer 1,5 an d'nächst Joer 2,5 Prozent vum PIB no ënnen.
De Statec huet seng Wirtschaftsprevisiounen no ënne revidéiert - a senger neier Konjunkturnott rechent den nationale Statistiksbüro mat engem Wirtschaftswuesstem dëst Joer vun 1,5 an d'nächst Joer vun 2,5 Prozent vum PIB. D'Lëtzebuerger Wirtschaft wier an Ënnertouren.

© Statec
Dat läit och um internationale Kontext: an der Eurozon huet d'Wirtschaft sech am Schnëtt nach net wierklech erholl - an den Avantage, deen de Grand-Duché soss par Rapport zu den aneren Eurolänner hat, geet zréck. De Ferdy Adam vum Statec:
"Et ass e bëssen ze vergläiche mat engem Cyclist, deen eng Echappée gemaach huet aus dem Peloton, ma deen awer lues a lues vum Peloton ageholl gëtt. Trotzdeem fiert en awer nach ëmmer virum Peloton. Dat ass d'Situatioun vun eiser Lëtzebuerger Ekonomie ganz graff duergestallt."
De Statec stellt och weider Phenomener fest, déi een net sou kannt huet zu Lëtzebuerg: Immobiliëpräisser, déi nodeems se Joer fir Joer ëm déi 15 Prozent geklomme sinn elo falen, a Staatsfinanzen, déi strukturell am Defizit wieren.
"Dat ass natierlech zum groussen Deel op d'Krisen zeréckzeféieren, notamment de Covid 2020. Do si mer ganz déif gefall. Du koum de Rebound 2021, elo kënnt d'Energiekris, déi dann och erëm d'Staatsfinanzen an d'Laberente bréngt."
Déi konjunkturell Situatioun bréngt mat sech, datt och manner Aarbechtsplaze geschaaft ginn - eng staark Hausse vum Chômage erwaart de Statec sech awer net.
"Mir wëssen, dass mer en taux d'emploi vacant extrem héich hunn, dass ganz vill Entreprise Problemer hunn Beschäftegt ze fannen, déi se dann och sichen. De Fait, dass et elo méi lues geet, misst e bëssen e Tensiounen och aus deem Marché eraushuelen. Mir sinn dann awer mat deenen 2,5 Prozent Wuesstem vum Emploi dëst Joer, an d'nächst Joer si mer bei deene loosse mol soe fënnef oder sechs schlechtste Joren, wann een dat och méi laangfristeg zeréckkuckt."
Duerch notamment d'Hausse bei de Liewensmëttelpräisser an de leschte Méint geet d'Inflatioun eppes manner séier zréck dëst Joer wéi erwaart. Déi nächst Indextranche erfält wuel Enn drëtt Trimester, also am spéide Summer oder Hierscht.