An der Stad hunn déi offiziell Gespréicher tëschent der DP an der CSV zwar nach net ugefaangen, mä dat dierft net méi laang daueren.

Elo scho steet fest, datt d'Wale vu Sonndeg Auswierkungen op d'Zesummesetzung vun der Regierung hunn. Do ginn et an deenen nächsten Deeg Changementer. D'Familljeministesch Corinne Cahen gouf Drëttgewielten op der Lëscht vun der DP an dofir sinn hier Deeg als Regierungsmember gezielt.

"Ech hat gesot, datt wann d'Wieler decidéieren, datt ech eng Roll soll spillen an der Stater Märei, da géing ech dat natierlech och maachen an dann halen ech dat wat ech gesot hunn a verloossen de Familljeministère."

D'Corinne Cahen geet dovunner aus, datt dat nach dës Woch geschitt. D'Fro no hirem Successeur an der Regierung ass nach net gekläert. Um Knuedler kéint si sech virstellen, datt si als Drëttgewielten an de Schäfferot kënnt.

Do kann een sech d'Fro stellen, ob sech eppes un der Constellatioun ännert, well d'DP ee Sëtz gewonnen huet an d'CSV ee verluer huet.

D'Buergermeeschtesch Lydie Polfer seet, doriwwer wier nach guer net geschwat ginn.

"Nee wierklech net. Mir souzen elo dee ganze Mëtten zesummen. Mer hu Gemengerot an da wäerte mer ausmaachen, wéi datt mer eis gesi fir déi Negociatiounen ze féieren, mä ech sinn iwwerzeegt, datt mer do eens ginn."

Och mat engem Sëtz manner ass d'CSV am Verglach mat de leschte fënnef Wale stabil bliwwen, seet de Serge Wilmes a virun allem wier d'Koalitioun stabil bliwwen.

"Mir behalen eis Majoritéit mat 16 Sëtz. Mir hunn déi lescht knapps fënnef Joer gutt zesumme geschafft. Et ass eng exzellent perséinlech Relatioun tëschent mir an der Madamm Polfer an ech mengen, datt déi och mat gespillt huet. Da muss een och soen, datt ech perséinlech dat zweetbescht Resultat an der ganzer Stad gemaach hunn, wann een elo déi perséinlech Stëmmen hëlt. Ech fille mech do och mat gestäerkt, och wa mer elo als Partei net gestäerkt gi sinn. "

Déi Gréng, déi sinn e Méindeg bëssen enttäuscht. De François Benoy ass och der Meenung, datt seng Partei hätt misse kontaktéiert gi fir Gespréicher. Déi Gréng hätte ganz liicht verluer, aner Parteien hätte vill méi däitlech verluer.