5ième am Lycée BelvalWéi gesi Jonker d'Problemer mat der Representatioun an de Schoulbicher?

Fanny Kinsch
Nëmme ronn 20 Prozent vun de Personnagen an de Schoulbicher vun den nidderege Klassen am Lycée si Fraen oder Meedercher.
Wéi gesi Jonker d'Problemer mat der Representatioun an de Schoulbicher?
Nëmme ronn 20 Prozent vun de Personnagen an de Schoulbicher vun den nidderege Klassen am Lycée si Fraen oder Meedercher.

Leit mat enger Behënnerung gi just duergestallt, wann et ëm d’Thema Behënnerung geet. Persounen, déi net wäiss oder net heterosexuell sinn, kommen och just seelen an a spezifesche Kontexter vir. Dat koum bei enger Etude vun der Uni.lu eraus, déi vun der Fondation Losch finanzéiert gouf.

Mir hu mat de Fuerscherinnen hannert der Etude geschwat a mir waren och an eng Klass nofroen, wéi déi Jonk dat selwer gesinn.

D’Schülerinnen a Schüler vun enger 5e am Lycée Belval ware sech net bewosst, wéi grouss d’Ënnerscheeder bei der Representatioun sinn. Am Austausch mat de Fuerscherinnen hu si hir Meenung gesot a kontrovers diskutéiert.

Back to Top
CIM LOGO