
Iwwer een eventuellt Social-Media-Verbuet bei Jonke gouf e Mëttwoch an der Chamber am Kader vun enger Aktualitéitsstonn diskutéiert. Déi zoustänneg CSV-Ministesch Elisabeth Margue huet preziséiert, datt d’Regierung eng Europäesch Solutioun léiwer hätt. Ma och op nationalem Plang kéint een handelen.
D’Gefore vun de soziale Medie fir d’Entwécklung vun de Kanner wiere kloer nogewisen: Eng Agrenzung vum Konsum vun Instagram a Co. wier dowéinst duerchaus sënnvoll, esou d’DP-Deputéiert Mandy Minella, déi d’Aktualitéitsstonn ugefrot huet. Et dierft een awer net riskéieren, datt sech Kanner a Jonker ausgegrenzt fillen, dofir wier d’Piste vun engem generelle Verbuet bis zu 16 Joer méi fair a richteg. Am beschten op europäeschem Plang.
Den CSV-Deputéierte Riccardo Marques huet sech och fir ee limitéierten Accès op déi sozial Medie fir Jonker ënner 16 Joer ausgeschwat. Regulatioun géif awer eleng net duer goen, et bräicht zum Beispill méi Medie-Bildung an de Schoulen. Den LSAP-Deputéierten Ben Polidori huet mat senger Proposition de Loi d’Regierung opgefuerdert, net just op d’EU ze waarden.
“Ech mengen awer och, dass mer national mussen elo eng Äntwert liwweren, an dat ass dat wat mer heimadder wëllen erreechen, dass mer ons virbereeden a prett wieren, falls um europäesche Plang näischt geschitt an net nach laang solle waarden.”
Dem ADR-Deputéierten Fred Keup no wier et sécherlech besser, wa Kanner manner Zäit um Handy géife verbréngen. Ma ee Verbuet géif der ADR-Fraktioun ze wäit goen
“Sozial Kontakter, déi vläicht fréier dann am Schoulhaff waren oder iergendwou dobaussen, déi awer och duerno iwwer Telefon gaange sinn an duerno iwwer Sozial Medie ginn an déi wichteg sinn. Do kann ee Verbindunge schafen, et kann een Ënnerstëtzung fannen, et kann een Zougehéieregkeet fannen, déi een offline net onbedéngt fënnt.”
Donieft wieren déi Sozial Medien och eng ëmmer méi wichteg Informatiounsquell. Déi komplett ze verbidden, wier net déi richteg Piste. Déi zoustänneg CSV-Ministesch Elisabeth Margue huet dogéint ënnerstrach, datt et elo un der Politik wier, d’Verantwortung ze iwwerhuelen. D’Faktelag iwwer d’Gefore vun de Soziale Medie wier kloer. Déi effikasste Léisung wier awer eng Europäesch. Op EU-Niveau géif och scho vill geschéien:
“Et sinn also eng ganz Rei Saachen, déi ënnerwee sinn op europäeschem Niveau. A wéi gesot, d’Vergaangenheet beweist och, datt mer op deem Niveau kënne ganz vill erreechen. Et ginn och eng ganz Rei Grënn, firwat et besser ass, op deem Niveau, wéi wa mer et hei national maachen. Schiedlech Inhalter kennen nämlech keng Grenzen. An dowéinst ass et wichteg, dass mer hei koordinéiert an ambitiéis virginn a probéieren, zu 27 eppes ze bewierken, anstatt herno 27 individuell Léisungen ze hunn.”
D’Ministesch géif awer och agesinn, datt een net just op d’EU kéint waarden: Dofir ass zanter e puer Méint och een interministeriellen Aarbechtsgrupp domat beschäftegt, national Léisungen auszeschaffen. Lëtzebuerg wéilt dann och den Drock op d’EU an dësem Sujet héich halen.
Um Enn gouf dem Ben Polidori seng Proposition de Loi an déi zoustänneg Kommissioun geschéckt a wäert do dann weider debattéiert ginn.