Am Februar 2020 goung et lass, elo gouf de Plang presentéiert. D'Präventioun soll ausgebaut, d’Qualitéit an d'Attraktivitéit verbessert ginn.

E puer Méint virun de Chamberwalen ass den nationale Gesondheetsplang, dee fir dës Legislaturperiod ugekënnegt war, vum Regierungsrot ugeholl ginn. De Fokus läit op der Präventioun, esou wéi och op enger Rei Verbesserungen fir de Patient, mee och fir déi Professionell aus dem Secteur.

"Mir mussen d’Attraktivitéit oprecht erhalen, well mer et ni wäerte fäerdeg bréngen eleng mat eise Leit de System oprecht z'erhalen", esou d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert. Mat der Demografie, déi mir aktuell hunn, wäerte mir och an Zukunft vu Leit ofhängeg sinn, déi aus dem Ausland an de Gesondheetssecteur schaffe goen. D’Formatioun, mä och d’Valorisatioun sollen an deem Sënn ausgebaut ginn. Mat enger Offer vun engem komplette Masterstudium an der Medezin wëll een och hei am Land dat néidegt Personal ausbilden. D’Recherche muss och ausgebaut ginn, fir jonke Leit eng Perspektiv ze ginn an Lëtzebuerg als Standuert méi attraktiv ze maachen.

Dräi Dimensioune fir de Gesondheetsplang

Op éischter Linn soll den aktuelle Stand vun der ëffentlecher Gesondheet verbessert ginn. Dat géing virun allem duerch d’Präventioun goen. An deem Kader huet goufe verschidde Facteuren detektéiert, déi zu gesondheetleche Problemer oder souguer zu Doudesfäll kënne féieren.

Beispillsweis si 17 Prozent vun allen Doudesfäll op den Tubakskonsum zeréckzeféieren. Dogéint kann ee virgoen, betount d’Paulette Lenert. 7 Prozent vun den Doudesfäll kënnen dem Alkohol attribuéiert ginn. 39 Prozent vun der Populatioun sinn net sportlech aktiv, domadder läit Lëtzebuerg iwwert dem internationale Verglach, dee bei 30 Prozent ass.

Bei dëse Facteure kéint een usetzen, fir Krankheeten ze verhënneren. Dat wier souwuel fir de Patient wichteg, mä och fir d’Allgemengheet, well eng gesond Persoun der Gesondheetskeess och manner kascht. An deem Sënn wier d’Präventioun dat Nohaltegst, wat ee kéint als Regierung maachen. De Service Präventioun gouf en place gesat a soll sech mat dëse Froe befaassen.

D’Preventioun kascht Suen, huet de Sozialminister Claude Haagen betount, ma dat wieren awer gutt investéiert Suen, esou de Minister. D’Sozialpartner solle mat an d’Boot geholl ginn. De Budget fir de Nationale Gesondheetsplang géing nach ausgeschafft ginn, esou nach de Claude Haagen.

Déi zweet Dimensioun gesäit vir, de Parcours vun de Soinen ze verbesseren. De Médecin de Référence soll op fräiwëlleger Basis gestäerkt ginn. Eng Vertrauensbasis ass och e gutt Fundament fir d'Preventiounsaarbecht, erënnert d’Ministesch Paulette Lenert.

Zwee Gesetzprojeten, nämlech fir de Virage Ambulatoire, mä och fir dass d’Doktere sech a Gesellschafte kënnen zesummen doen, kéinten dës Legislaturperiod nach gestëmmt ginn, hofft d’Ministesch. Dëse legale Kader wier wichteg, fir dem Patient de Parcours am Gesondheetssystem ze vereinfachen.

Déi drëtt Ax vum Plan national de Santé gesäit fir, dass de Fonctionnement vum System allgemeng gestäerkt gëtt. Dat och fir déi Professionell am Beruff ze halen. An deem Kader gouf e Gesondheetsobservatoire en place gesat. Donieft soll och d’Digitalisatioun ausgebaut ginn, dat soll net just dem Patient, mä och dem Santéspersonal d’Liewe vereinfachen. Dofir soll e Guichet Unique Santé entstoen.

Mental Gesondheet kritt eegenen Gesondheetsplang

Déi mental Gesondheet dierf am Kader vum Nationale Gesondheetsplang net vergiess ginn, betount d’Ministesch Paulette Lenert. Ma et bréicht een eng global Vue vun de psychesche Krankheeten an der Gesellschaft, dofir gëtt nach virum Summer e separate Gesondheetsplang explizitt fir déi mental Gesondheet presentéiert.