RTL-Informatiounen no huet et sech ëm franséisch Dagestouriste gehandelt. Zwou Frae ware mat véier Kanner ënnerwee, wéi den Accident geschitt ass.
De Buergermeeschter Joé Nilles erkläert iwwerdeems op Nofro hin, datt de Schäfferot e Mëttwoch mam Fierschter zesummekomme soll, fir déi néideg Schrëtt an d’Weeër ze leeden, fir an Zukunft op geféierleche Plaze Schëlder mat Warnhiweiser opzestellen. Där gëtt et aktuell keng an deem Eck. Dat misst dann awer an Zesummenaarbecht mat der Natur- a Bëschverwaltung geschéien. Den Accident vun e Sonndeg wier op alle Fall net op Schied oder Mängel um Gelänner, dat do steet, zeréckzeféieren.
Déidlechen Accident: 9 Joer ale Bouf fält zu Bäerdref an eng Schlucht