Wiessel un der Spëtzt: Asselborn viru Lenert a Bettel
Am Sondage, deen d’Ilres am Optrag vum Luxemburger Wort an RTL realiséiert, huet den LSAP-Ausseminister Jean Asselborn nees d’Nues vir.
An dat ass net deen eenzege Mouvement am Klassement vun de sympatheschsten a kompetentste Politiker, an deem d’Gemengewale gewësse Spueren hannerlooss hunn.
1-10
De Jean Asselborn leet liicht bäi a steet mat engem Score vu 77 Punkten nees op der éischter Plaz vum Klassement. D’Paulette Lenert verléiert véier Punkten, esou d’Manon Breden vun der Ilres : "Si war säit der Pandemie op der éischter Plaz a mécht elo nees dee Wiessel mam Jean Asselborn."
De Premier Xavier Bettel, Notoritéitsgrad 98 Prozent, bleift onverännert op der drëtter Plaz viru senger Successeure an der Stater Märei, der Lydie Polfer.
Déi grouss Neierung an den Top-Ten, esou d’Manon Breden, ass awer, datt "d’CSV zwee nei Kandidate mat dobäi huet. De Serge Wilmes op zéngter Plaz. "
An den CSV-Spëtzekandidat?
"An de Luc Frieden, deen nei dobäi ass an direkt op déi fënneft Plaz klëmmt." D’Manon Breden fënnt: "Kee schlechte Score." Dobäi ass den Ecart mat engem Score vu 57 Punkten zu de Spëtzereider awer considerabel. A wéi et sech fir een Ex-Finanzminister gehéiert: "En ass méi staark op der Kompetenz wéi op der Sympathie."
Méi kompetent wéi sympathesch, dat war och am September 2013 d’Aschätzung vun de Sondéierte fir de leschte Politmonitor, an deem de Luc Frieden dra war, ier hien aus der Chamber demissionéiert huet. Op der Sympathie-Skala hat hien deemools e Score 45 Punkten am Verglach mat elo 50 Punkten. Op der Kompetenz-Skala hat hie virun zéng Joer 67 Punkten, wärend hien elo op 64 Punkte kënnt.
Deemools no Srel- a Bommeleeër-Skandaler an engem Mësstrauensvott an der Chamber hat just ee Prozent vun de Sondéierte de Luc Frieden als Wonschkandidat fir de Poste vum nächste Premier uginn. Direkt vergläichen kann een dat net mat sengem Resultat vun dësem Politmonitor, wou hien de Wonsch-Premier vun 23 Prozent vun de Sondéierte ass. Am Sondage vun 2013 stoung hien an CSV-interner Konkurrenz mam Jean-Claude Juncker, deen trotz Skandaler immens beléift war.
11-20
Frieden a Wilmes an d’Top-Ten eran – dat huet natierlech Konsequenzen : "Doduerch réckelen d’Yuriko Backes an d’Sam Tanson eraus aus den Top-Ten", esou d’Manon Breden. Dat obwuel d’Sam Tanson hire Score gehalen huet an d’Yuriko Backes hire liicht verbessert huet. Mee dat heescht : "Déi Gréng hunn domat kee Kandidat méi am Klassement, grad ewéi virun engem Joer.
D’Sam Tanson ass elo nach déi eenzeg gréng Kandidatin, déi iwwert der Moyenne läit, wat d’Sympathie- a Kompetenzwäerter ugeet.
Gréisst Gewënnerin am Politmonitor ass d’Corinne Cahen, déi hire Regierungsposten opginn hat, nodeems si den 11. Juni an de Stater Schäfferot agezunn ass. Sondagë sinn aktualitéitsgebonnen, seet d’Manon Breden. "Doduerch, datt d’Politik an eenzel Leit vläicht méi oder manner visibel waren déi lescht Zäit, huet dat natierlech och eng Auswierkung op d’Punkten an der Sympathie an an der Kompetenz. Well wat ech méi eng héich Presenz an de Käpp vun de Leit hunn, wat ech mäi Score trotzdeem verbessere kann."
Den Effet vun der Gemengewalcampagne gesäit een net just bei der Corinne Cahen oder dem Serge Wilmes, dee säi Resultat ëm aacht Punkte verbessert huet. Och der Lydie Polfer hire Score geet ëm sechs Punkten an d’Luucht. Déi sondéiert Wieler fanne si virun allem méi kompetent wéi nach de leschten Hierscht.
21--30
Anert Beispill: Den Escher CSV-Buergermeeschter Georges Mischo an de grénge Spëtzekandidat an der Stad, de François Benoy, hunn och hire Score am Politmonitor verbessert a si virun allem däitlech méi Leit bekannt wéi de leschten Hierscht. Datt den "Effet Gemengewalen" virun allem fir Kandidate gëllt, déi a grousse Gemengen ugetruede waren, weist d’Géigebeispill Gilles Roth. Den CSV-Buergermeeschter vu Mamer gouf den 11. Juni a senger Gemeng plebiscitéiert. Am Politmonitor verléiert hien trotzdeem véier Punkten.
31-47
Um Enn vum Ranking léist de Co-Parteipresident vun déi Gréng, Meris Sehovic, den ADR-Parteipresident Fred Keup of. De Sondage gouf no de Gemengewalen duerchgefouert, wéi de Meris Sehovic vu verschidde Säite Kritik krut, well hien zu Esch trotz dem gudde Walresultat vun der LSAP nach um Walowend nees eng Koalitioun mat der CSV an der DP agaange war.
Tëscheruff vum Roy Grotz: E Kräizwee bis an den Oktober
Hei nach den Detail vun der Evaluatioun pro Partei, vun der Regierung a vun der Oppositioun
Evaluatioun pro Partei
Evaluatioun Regierung
Evaluatioun Oppositioun
D'Detailer wéi ëmmer op Alia.lu
D'Detailer iwwert d’Method an de Questionnaire vun dësem Sondage fannt Dir hei ënnert dësem Link oder och op Alia.lu