Vill Freed, wéineg Leed fir d'ofgefrot Politiker am neiste Politmonitor also.

Bei deene Meeschte weisen d'Sympathie- a Kompetenzwäerter no uewen an d'Leit sinn allgemeng zefridde mat der Aarbecht vun der Regierung.An awer wëll eng Partei alles ginn, fir d'Dräierkoalitioun ofzeléisen an nees un de Pouvoir ze kommen - de Mann, deen hëllefe soll, seng Ekipp op de Sommet ze zéien, huet allemol keng liicht Aufgab, mengt den Owend de Roy Grotz a sengem Tëscheruff...

En Tëscheruff vum Roy Grotz

... net einfach, well um Wee op d'Spëtzt d'Loft dënn gëtt a well dem Luc Frieden säi Passé awer nach ëmmer an d'Féiss kënnt.

D'CSV huet mat der Designatioun vun hirem neie Leader e gewote Choix gemaach - eng Wiel, déi d'Leit honoréieren a mat enger Nott vu 57 bewäerten - wuelgemierkt gouf den Ex-Minister zanter engem Joerzéngt net méi ofgefrot - eng remarkabel Leeschtung deemno am Juli vun dësem Waljoer.

Mee geet dat duer?

Geet et duer, datt en aläerten Polit-Oldtimer aus dem Schapp geholl gëtt, fir mat neiem Elan a voller Dynamik zum Sommet-Stiermer ze ginn...?

Op de Messias-Facteur vum Luc Frieden Bestand iwwer de Politmonitor eraus huet, hänkt lo eenzeg an eleng dervun of, wéi sech d'CSV opstellt - op och sozial-gesënnt Leit wéi Marc Spautz a Paul Galles consideréiert an dem Luc Frieden zur Säit gestallt ginn an op déi Jonk enfin och hir Visibilitéit op de Lëschten an den Partei-Optrëtter kréien.

Eenzeg an eleng kann e Luc Frieden allemol d'Kar vun der CSV net aus dem Dreck zéien, duerfir ass hien awer ze kleesper an ëmpeg a riskéiert eenzock ënnert d'Rieder ze geroden.

Wéi de Friedrich Merz bei der däitscher Schwester-Partei ass och de Luc Frieden als apaarten "Heilsbringer" ugetrueden - lo sinn et effektiv nach 14 Woche bis zu de Walen - genee sou vill Statiounen huet och de Kräizwee an dës Via Dolorosa muss och lo d'CSV mat hirem staarke Mann un der Spëtzt goen - ze hoffen ass, datt d'Kräiz vun der Walcampagne op méi Schëllere kann gedroe ginn, wéi et am CSV-Frëndeskrees de Fall war.

Wat um Enn vum Kräizwee geschitt, wësse mer, ob d'CSV duerno och onversinns eng Resurrektioun erlieft, läit drun, ob aner Walgewënner mat der Ekipp Frieden kënnen - a wëllen.

Dozou gehéiert en ambitiéise Walprogramm mat Courage an dem Wëllen, d'Land och wierklech weider ze bréngen, soss kluddert d'CSV an der Éiwegkeet weider an enger laanger a sauerer Oppositioun.