NouveautéitCSV wëll mat Duebelspëtzten an d'Chamberwale goen

Roy Grotz
Mat enger Nouveautéit geet d'CSV an d'Chamberwalen eran, wëll et dëst Joer eng Première ass, datt et an de Bezierker Duebelspëtzte ginn.
© RTL

D’CSV-Duebelspëtzte sinn awer net paritéitesch besat. De Prinzip heivunner gouf majoritär e Freideg an engem CSV-Nationalcomité guttgeheescht. D’Nimm vun dëse Spëtzte sinn natierlech interessant, ëmsou méi d’CSV jo wëll incontournabel ginn, fir mat an eng nächst Regierungskoalitioun ze kommen.

RTL-Informatiounen no, ass am Bezierk Zentrum nieft dem nationale Spëtzekandidat Luc Frieden d’Co-Parteipresidentin a Stater Conseillère Elisabeth Margue un der Spëtzt vun der Lëscht.

Am Süde féiert den Duo vun den Députés-Maires Georges Mischo a Gilles Roth d’Lëscht un. Am Norden heescht d’Leader-Koppel Martine Hansen an den EU-Deputéierte Christophe Hansen.

Am Osten, wou d’CSV dräi Mandater ze verdeedegen huet, heescht de Leader-Duo Léon Gloden a Max Hengel.

D’Lëschte vun de 60 Kandidaten inklusiv dës proposéiert Spëtzen-Duoe mussen nach e Freideg den Owend an e Samschdeg vun de véier Bezierkscomitéë formell guttgeheescht ginn, éier se e Samschdeg de Moien um CSV-Konvent um Lampertsbierg presentéiert ginn.

Eisen Informatiounen no ginn all Députés-sortants nees mat an d’Walen, ausser de Jean-Marie Halsdorf, dee jo neie Péitenger Buergermeeschter ass, an de laangjäregen Deputéierten Ali Kaes, deen an de politesche Congé geet.

Back to Top
CIM LOGO