Si sinn zwar seelen an awer weisen d’Statistiken, dass et zu Lëtzebuerg all Joer op d’mannst eng Kéier dozou kënnt. Dass et sech net allkéiers zum Desaster entwéckelt, hu mer eise Fierschter, dem CGDIS an natierlech och dem gesonde Mënscheverstand ze verdanken.
De Pol Zimmermann ass Fierschter zu Esch. Och him ass et bewosst, dass de Risiko u Bëschbränn am Summer omnipresent ass. Hie war selwer eng Kéier Zeie vun engem Brand a weist eis drop hin, dass een emol net am Bësch muss sinn, fir dass en herno brennt. Meeschtens ass et op den Trëppelweeër niewent dem Bësch, wou e Feier entsteet an dann ass et just nach eng Saach vun der Zäit, bis et op de Bësch iwwergräift.
De Fierschter weist ons eng Plaz zu Esch beim Bësch, wou et all Joer op d’mannst eng Kéier brennt. Esou kënnt dann och reegelméisseg de CGDIS an den Asaz, fir de Bësch virum Feier ze retten. Et ass meeschtens awer net eis Natur selwer, déi d’Feier ufänkt. Meeschtens ass et de Mënsch, dee Schold drun ass. Ob et eng Zigarett war, eng eidel Glas Fläsch oder soss e Feier, wat net richteg ausgemaach gouf.
Mir maache mam Fierschter e kontrolléierten Test a geheien eng Zigarett an eng zimmlech dréche Wiss direkt niewent dem Bësch. No knapps 3 Minutten hu mer eng Flam, et dauert dann och net méi laang bis mer läsche mussen, soss misste mer de CGDIS ruffen.
All Joer kënnt et och um Stauséi zu Bëschbränn, dofir gëtt et dann do e Läschboot, e Boot, wat vum CGDIS an esou Situatiounen agesat gëtt.
Preventiv kënne mer all matwierken, andeems mer op e puer Saachen oppassen elo am Summer, Dreck an de Bësch geheien, soll een allgemeng net a wann jidderee seng Plaz esou verléisst, ewéi e se opfonnt huet, dierft jo dann näischt méi schif goen.