Bedruch bei der CNSFréier Mataarbechterin zu Geldstrof a 7 Joer Prisong verurteelt, 3 mat Sursis

RTL Lëtzebuerg
Bal 10 Joer laang soll déi Ugekloten eng 2 Milliounen Euro vun der CNS detournéiert hunn.
© AFP Archivbild

3,5 Joer Prisong mat engem méigleche Sursis huet de Parquet géint d’Fra gefuerdert, elo gouf déi fréier CNS-Mataarbechterin zu 7 Joer Prisong, dovunner der 3 mat Sursis, verurteelt. Mat donieft nach enger Geldstrof vun 100.000 Euro. Hire Mann, e Kolleeg an deem säi fréiere Partner hunn och vun de ronn 2 Milliounen Euro profitéiert. Fir si gouf et 5 Joer Prisong, 30 Méint dovunner mat Sursis, an eng Geldstrof vu 50.000 Euro.

Fir eng weider Persoun, déi sech fräiwëlleg gemellt hat, nodeems de Bedruchsfall ëffentlech gouf, gëtt et 18 Méint Prisong mat integralem Sursis an eng Geldstrof vu 1.500 Euro.

Déi haaptbeschëllegt Koppel muss der Gesondheetskeess iwwer 450.000 Euro zréckbezuelen, 1,6 Milliounen Euro si fir déi 3 aner Ugekloten.

D’Urteel ass nach net rechtskräfteg. All Parteien hu 40 Deeg Zäit, fir an Appell ze goen.

RTL-News: Parquet fuerdert 3,5 Joer Prisong fir fréier Mataarbechterin
Affär ëm Detournement vu Sue bei der CNS: “Ech si wéi de Robin Hood”

Back to Top
CIM LOGO