"Ech si wéi de Robin Hood"

Beispillfoto / © AFP (Archiv)
Um Stater Geriicht goung e Méindeg d'Affär un, wou sech eng Persoun muss wéinst dem Detournement vun 2 Milliounen € vun der Gesondheetskeess veräntwerten.
Mat ugeklot sinn dräi weider Persounen.
"Et war meng Iddi, dass ech Suen iwwerweisen a mir dann halbe-halbe maachen", sou déi 56 Joer al fréier CNS-Mataarbechterin. Mat méi klenge Montanten ass et ugaangen. No der Scheedung hätt si Sue gebraucht, sou d’Erklärung. Mat engem Frënd aus hirer Kandheet huet si dunn en Deal gemaach, dass si seng Matricule notzt, fir erfonnte Prestatiounen ze verrechnen an him e gewësse Montant iwwerweist. Den haut 53 Joer ale Mann huet hir dann d'Hallschent zréckiwwerwisen. Déi éischt Joren huet dat gutt funktionéiert. "Et war e bëssi wéi an engem Schaf voller Schockela, wou ee sech konnt zerwéieren, wéi ee wollt", hat d’Ugeklote bei der Police ausgesot. Ma d’Montante sinn ëmmer méi grouss ginn.
Iergendwann, villäicht, dass et net opfält, goufen dunn och d’Matriculle vun de jeeweilege Liewenspartner fir de Bedruch genotzt. Och si musse sech am Prozess viru Geriicht veräntwerten. Si hätten awer vun all deem näischt gewosst, huet déi Ugekloten ëmmer nees präziséiert. Si wier ebe wéi de Robin Hood an hätt d’Sue verdeelt. E Verglach, deen der Riichterin net gefall huet.
Den Ëmstand, dass d’Liewenspartner näischt solle gewosst hunn, huet d’Riichterin intrigéiert nozefrooen, wéi dann net kann opgefall sinn, dass bemol méi Suen am Stot waren. Et hätt een net op groussem Fouss gelieft, sou déi Beschëllegt. Ëmmerhi geet et awer ëm eng Zomm vun 1,2 Milliounen Euro, déi an den op d’mannst knapp 10 Joer (2009 bis 2018), wou de Bedruch duerchgefouert ginn ass, op hirem Konto gelant sinn. Bei hirem Kolleeg, deen an der Affär als Kompliz gëllt, hunn d'Enquêteure Luxusartikel, wéi deier Aueren a Posche fonnt. Dësen hätt awer och scho virdrun esou Artikel gehat, huet et vun der Ugeklote geheescht. Ma och, dass hie Geldsuerge gehat hätt.
Mee wéi kann et sinn, dass de ganze Bedruch esou laang net opgeflunn ass?
"Et war keng Kontroll do", sou déi fréier Mataarbechterin, déi 35 Joer laang op der CNS geschafft huet. En Ëmstand, deen esouwuel en CNS-Mataarbechter wéi och den Enquêteur vun der Police judicaire bezeit hunn. D’Fra hätt de System genau kannt. "Si war eigentlech och hiren eegene Kontrolleur", sou den Enquêteur. Et goufe fiktiv Prestatiounen an de System agespeist, fir d’Remboursementer un d’Beneficiairen ze maachen. D’Ausbezuelen hätt dann automatesch funktionéiert.
Enn 2018 hätten et dunn éischt intern Zweiwel bei der CNS ginn iwwer de Remboursement. Erauskomm ass dat Ganzt awer eréischt, wéi e Student an der Kopiesmaschinn en Dokument fonnt huet, an deem de Beneficiaire en anere war, wéi den eigentleche Patient. Hien huet ëm Rot bei den Aarbechtskolleege gefrot. An esou komm déi ganz Saach un d’Rullen.