Gemeng SandweilerNei Majoritéit queesch iwwer neie Logo

Annick Goerens
Christophe Hochard
Zu Sandweiler huet déi al Koalitioun CSV-déi Gréng en neie Logo decidéiert an dat gefält der neier Majoritéit DP-LSAP guer net.
Gemeng Sandweiler an d'Affär ronderëm ee Logo
Zu Sandweiler huet déi al Koalitioun CSV-déi Gréng en neie Logo decidéiert an dat gefält der neier Majoritéit DP-LSAP guer net.

Et gouf och schonn e Protestpiquet virun der Gemeng. Eng Dose Persoune wären an de Gemengenatelier eragaangen a wollte verhënneren, datt do de Logo op de Gemengenautoen gewiesselt gëtt. Et wier iwwerhaapt net kommunizéiert ginn, sou d’Kritik.

Déi Nach-Majoritéit zu Sandweiler aus CSV an déi Gréng, erkläert, dass zanter dem August 2022 géif dorunner geschafft ginn. Et hätt ee missten een neie Logo entwerfen, well d’LSAP déi deemools an der Oppositioun war, op dem ale Logo “en Droit d’auteur” hat an de Logo och selwer benotzt hat. Den nach-Gemengeconseiller vu déi Gréng, den Gennaro Pietropaolo.

“Notamment gouf et esou een Brieföffner wou si e benotzt haten a si haten och esou eng Käertchen gemaach, wou en drop war. Doduerch ass eng Konfusioun bei de Leit entstanen, wou gemengt ginn ass, do géint d’Gemeng kommunizéieren, mee et war net d’Gemeng. Et war d’Oppositioun. An dunn ass den Debat nach eemol opkomm, wiem de Logo da soll gehéieren. An d’Gemeng sot, dat ass e Logo, deen ass offiziell, dee gehéiert dann der Gemeng an deen däerf net esou verwäert ginn. Op der anerer Säit ass ëmmer gesot ginn, “jo nee, mir hunn awer een Droit d’auteur drop, mir dierfen en och benotzen, well mir hunn deemools den Logo jo och entworf. Effektiv war dat een Déclencheur, fir de Logo nees op de Leescht ze huelen”

PDF Schreiwes Gemeng Sandweiler

Back to Top
CIM LOGO