DP-Kandidate presentéiertLex Delles: Eng Lëscht als Spigel vun der Gesellschaft

Monique Kater
Lynn Cruchten
Déi 60 Kandidate fir d'Chamberwale sti fest. Den DP-Parteipresident war um Samschdeg Invité um Plateau vum RTL-Journal.
RTL-Interview mam Lex Delles
Den DP-Parteipresident war um Samschdeg Invité um Plateau vum RTL-Journal.

Op d’Fuerderung vun der LSAP, fir den Enseignement an enger nächster Regierung ze kréien, hält de Lex Delles näischt, well “een net elo soll de Pelz vum Déier verdeelen, wat een net geschoss huet”. De Bierger géing decidéieren.

Eng europäesch Zukunft fir den Xavier Bettel 2024? Och do keng Äntwert vum DP-Parteipresident. Et wieren elo mol Chamberwalen am Oktober.

De Walprogramm vun der Demokratescher Partei wier lo prett. Et wéilt een an de Fong goen, d’Kafkraaft stäerken, eppes fir de Logement maachen. Den Ament hätt et och kee Sënn, fir iwwer eng Koalitioun mat der CSV nozedenken. De Lex Delles hätt de Programm vun de Chrëschtlech-Sozialen nach net gesinn. De Wieler hätt elo d’Wuert.

Wat eegen Ambitiounen ugeet, sot de Lex Delles, datt de Mëttelstandsministère him ganz gutt gefall hätt.

60 Kandidate fir den 8. Oktober

© René Pfeiffer

De Parteipresident huet zesumme mam Staatsminister am Atelier an der Stad déi 60 liberal Kandidaten, déi untrieden, fir eng Plaz an der Chamber ze kréien, presentéiert. Et wier eng Ekipp, déi extrem motivéiert wier an an där een all Altersgrupp géing erëmfannen. Déi mat manner politescher Erfarung kéinten op alle Fall op d’Ënnerstëtzung vun hiren erfuere Parteikolleegen zielen.

16 Kandidate vun deenen 60 Bloe sinn ënner 35 Joer al. Vun hirem Engagement ass de Parteipresident begeeschtert a weess selwer, wat d’Kombinatioun Motivatioun an Erfarung wäert ass.

Eng national Lëscht soll d’gesellschaftlech Realitéit zeréckspigelen, soen déi Liberal – a mengen domat emol déi verschidde Beruffsstänn. Handwierker, Sportler sinn op der nationaler Lëscht, grad ewéi Ministeren, Independanten, Beamten an Artisten.

Esou eng gutt Lëscht hate mer nach ni, sot um Samschdeg een, dee misst wëssen, vu wat e schwätzt. De Ball läit elo bei deenen, déi an der DP dat lescht Wuert hunn an natierlech fir d’éischt beim Wieler.

Back to Top
CIM LOGO