
De Robert Goebbels huet d’Politik staark gepräägt an hannerléisst vill Spueren. Natierlech virop bei senger Famill a senge Kolleegen, mee och am Land an iwwert d’Grenze vu Schengen eraus. Dat sot de Chamberpresident Claude Wiseler en Dënschdeg de Mëtteg, wéi direkt am Ufank vun der éischter Chamberplenière fir dëst Joer dem kierzlech verstuerwenen LSAP-Politiker geduecht ginn ass. De fréiere Gemengeconseiller, Deputéierten, Staatssekretär, Minister an Europadeputéierten war ugangs Januar am Alter vun 81 Joer gestuerwen.
“Beim Robert Goebbels wousst een ëmmer, wou een dru wier. Hien huet kloer geschwat vun der Long op d’Zong an ni gescheit, seng Meenung ze soen. Kloertext. Ganz einfach. Och emol e bësse méi mat hëtzegem Temperament. Hien huet gesot, wat e geduecht huet. A gemaach, wat e gesot huet. Ech hunn dat ëmmer appreciéiert. An dofir war et och einfach, ganz einfach, mat him eens ze ginn. De Robert Goebbels hat e staarke Wëllen an e staarke Charakter. Et ass dat mannst, wat ee ka soen, hie war e Pragmatiker an e Schaffert, wéi en et selwer gesot huet.”
De Claude Wiseler iwwert de kierzlech verstuerwenen LSAP-Politiker
Den LSAP-Politiker Robert Goebbels war de 6. Januar am Alter vun 81 gestuerwen. De Chamberpresident Claude Wiseler huet weider vun enger markanter Perséinlechkeet a engem groussen, iwwerzeegten Europäer geschwat. De Robert Goebbels hätt vill fir Lëtzebuerg an Europa gemaach.