De 24. November 2019 ass den Emran bei engem Accident mat engem Äisblock um Knuedler ëm d'Liewe komm.

Wat war geschitt?

E Sonndeg den 24. November 2019 koum et géint 20 Auer um Wantermaart um Knuedler nieft der Äispist zu engem déidlechen Accident. Eng Skulptur aus Äis war an de Koup gefall an e klengt Kand ass vun de Stécker getraff ginn. De klenge Jong vun 2 Joer ass nach op der Plaz u sengen uerge Blessure gestuerwen.

RTL

Wou ass den Dossier drun?

Op Nofro krute mir vum Parquet confirméiert, dass den zoustännegen Untersuchungsriichter Enn Juli 2022 den Dossier ofschléisse wollt. Kuerz virun där Clôture hätt den Affekot vun engem vun de Beschëllegten allerdéngs nach zousätzlech Devoire gefrot. Op Basis vun där Demande wier den Dossier bis elo nach net ofgeschloss ginn, esou e Spriecher vum Parquet.

D'Famill huet selwer keen Accès op den Dossier, bis den Untersuchungsriichter en zougemaach huet.

Ragbet Hamza

No bal 4 Joer wéilt een Äntwerte kréien, anescht kéint een net ofschléissen

Zwee Joer nom Doud vum Emran huet d'Famill sech per Bréif un d'Ëffentlechkeet gericht, schonn deemools huet een no Äntwerte gefrot, déi ee bis haut net krut, esou de Papp am RTL-Interview. Et wéilt een elo no bal 4 Joer endlech Äntwerte kréien.

Ragbet Hamza

"Et geet eis net ëm Suen oder dorëms, dass een an de Prisong kënnt"

Am Gespréich huet de Ragbet Hamza direkt e puer Mol ënnerstrach, dass et hei net ëm Sue géif goen, oder dorëms, dass iergendeen an de Prisong kënnt. Et wéilt ee ganz einfach, dass den Dossier propper ofgeschloss gëtt, genee gekläert gëtt, wat geschitt ass, fir dass esou eppes an Zukunft net nach emol enger anerer Famill geschitt.

Ragbet Hamza

Fir de Ragbet Hamza a seng Famill wier et ganz wichteg, alles opzeklären. Et wier een dem Emran dat schëlleg, sot hien um Enn vun eisem Gespréich.