Den Droit de grâce vum Grand-Duc ass elo an engem Gesetz gereegelt
D'Chamber huet de Gesetzprojet iwwer den Droit de grâce vum Grand-Duc gestëmmt. 57 Deputéiert waren dofir, déi dräi ADR-Deputéiert hu sech enthalen.
Et geet ëm d'Recht vum Staatschef, fir eng verurteelt Persoun vun enger Strof ze dispenséieren, dat elo an engem Gesetz gereegelt gëtt an net méi just duerch d'Praxis. Et gëtt gereegelt, wéi d'Donnéeën, wann eng Demande de grâce gestallt gëtt, behandelt ginn.
De Grand-Duc ka just eng eenzel Persoun begnodegen, dat heescht, eng Strof reduzéieren, eng Strof net exekutéieren oder eng aner Strof ginn. D'Infraktioun bleift awer bestoen. Et handelt sech deemno net ëm ee Fräisproch.
D'Grâce soll eng Ausnam sinn. Et gëtt eng individuell Analyse vun der Persoun gemaach, ëm déi et geet. E kollektiven Droit de grâce gëtt et am neie Gesetz net méi.
Eng Demande un de Grand-Duc kënnt bei de Justizministère, an vun do bei de Procureur général. Duerno tranchéiert eng Commission de grâce.
Zejoert goufen et eng 250 Demande fir vum Grand-Duc begnodegt ze ginn. An 90 Prozent vun den Ufroe goung et drëms, de Führerschäin erëmzekréien. Et gouf nëmme ganz wéineg Accorden. Géint e Refus kann een och kee Recours huelen.