En Donneschdeg gëtt an der Chamber iwwert dat neit Arméisgesetz ofgestëmmt. Am Virfeld gouf et Kritik vun der CGFP um neie Bewäertungssystem.

Ma elo kënnt awer aus de Reie vun den Offizéier Zousproch fir de Gesetzesprojet. D'Association Professionnelle des Officiers Luxembourgeois, kuerz APOL, beklot dann och eng eesäiteg Kommunikatioun duerch d'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP.

Fir d'éischt Mol kann ee bei der APOL net novollzéien, datt d'CGFP an d'Arméisgewerkschaft SPAL vun engem neie Bewäertungssystem schwätzen. Esou ee System wier zanter laanger Zäit ee feste Bestanddeel vun  Arméien. D'Bewäertung vun de Kompetenze wier wichteg, well et dem Virgesetzten erlabe géif, sech ee Bild vun de Fäegkeeten vu senge Mataarbechter ze maachen. Dat wier grad an engem deels geféierlechen Aarbechtsëmfeld wéi bei der Arméi extrem wichteg.

Den David Lesch, President vun der APOL, zitt ee Vergläich mat anere Beruffer: "Ech kéint et am Fong vergläiche mam Handwierksberuff. Ech denken am Handwierksberuff kann een Heizungs-Installateur, deen dono engem zertifiéiert, datt déi funktionéiert an dee weess wéi se geet, wann dono de Buttek an d'Luucht flitt an deen ass dono net appreciéiert ginn op säin handwierklecht Kënnen, dann ass dat verantwortungslos."

 

Et géing drëms goen, d'Leit unhand vun hire Kompetenzen op deene Plazen anzesetzen, wou se gebraucht ginn. De Bewäertungssystem hätt och keen Impakt op d'Paie vun den Zaldoten. Déi militäresch Grade wieren nämlech vun den Traitemens-Graden an Échelone vun der Fonction publique lassgeléist. Et wier och net d'Zil vum Bewäertungssystem, onbequeem Militärmemberen op eng verstoppten Aart a Weis ze sanktionéieren.

Wat d'Kommunikatioun vun der CGFP betrëfft, do wier een zwar am Virfeld no senger Meenung gefrot ginn, allerdéngs wier déi dono hannen iwwer gefall: "D'Arméi besteet aus Zaldoten, Offizéier an Ënneroffizéier. Jiddereen huet natierlech een anere Point-de-vue, jee nodeem wéi seng Verantwortunge sinn. Mee et kann een net alles an een Dëppe geheien. Ech denken et wär gutt gewiescht, wann der APOL hir Consideratioun inter pares vum Daachverband esou geholl gi wier. Dat heesch, datt mer grad esou gutt an där doter Saach géife gehéiert ginn."

 

Et wier net déi éischte Kéier, datt d'APOL an d'CGFP net enger Meenung sinn, dat wier beispillsweis och scho beim Accord de travail de Fall gewiescht. Ma onofhängeg vun allen Differenzen un der Gewerkschaftsfront dierft dat neit Arméisgesetz an der Chamber gréng Luucht kréien.