Nohaltegkeetsrot proposéiert nohalteg Steierreform

© Shutterstock
D'Resultater vum Nohaltegkeetsrot fir eng Steierreform klénge villverspriechend. Net nëmmen d'Ëmwelt géif profitéieren, mä och Stéit an Entreprisen.
Lëtzebuerg kënnt net no bei senge Klimaziler bis 2030. Den Nohaltegkeetsrot huet sech zur Aufgab gemaach, e mëttel- a laangfristegt Konzept fir eng Steierreform op d'Been ze stellen. Eng nohalteg Reform vum Steiersystem, déi op enger europäescher Etüd baséiert, mä un d'Lëtzebuerger Spezifizitéiten ugepasst gouf. D'Resultater klénge villverspriechend. Well net nëmmen d'Ëmwelt géif profitéieren, mä och Stéit an Entreprisë kéimen och net méi schlecht ewech.
D‘Wuert seet et jo schonn, geckst de President vum Nohaltegkeetsrot Romain Poulles, Steiere sinn do fir ze steieren. "Et ass wichteg, dass ee versteet, dass all dat, wat mir wëllen erreechen, net méiglech ass, wa mir net eng nohalteg a systemesch Steierreform uginn."
D'Ausgangspositioun hei am Land ass déi hei: D‘Akommessteier an déi Taxen, déi Entreprisë musse bezuelen, maachen zu Lëtzebuerg 47 Prozent vun de Steierrecetten aus. D'Taxen op d'Pollutioun nëmmen 0,03 Prozent. Sougenannt gréng Taxen op natierlech Ressourcë ginn et och ganz wéineg. D'Steierlaascht kéint een dach och ëmverdeelen, erkläert de Georges Bock vum Nohaltegkeetsrot.
"Et sinn zwou Milliarden, déi mir hin- an hier-schiften. Mir shifte se vun der Taxatioun vun der Aarbecht op d‘Benotzung vu Ressourcen an op Pollutioun."
Dem Zenario vun der Etüd no hätten am Joer 2025 virop Stéit, mä och Entreprisë manner Steieren um Bockel.
"Reduktioun vun der Akommessteier, manner sozial Chargen an een Netto-Tranfert vu 400 Milliounen Euro un déi zwee ënnescht Quintille vu Revenu. Déi si jo am meeschte vun der Basis-Consommatioun belaascht."
An dësem Steiermodell däerf awer kee Lach an d‘Staatskeess gerappt ginn. Wou géifen d‘Taxen dann d‘Luucht goen? Industrie gëtt et hei net esou vill. Déi ze besteieren, hätt kee groussen Impakt, gëtt de Georges Bock ze bedenken. Dofir awer: "Méi eng staark Taxatioun vun de Kilometer, déi um Camion respektiv um Auto gefuer ginn."
390 Millioune kéint dat erabréngen. Mir consomméieren ze vill a maachen ze vill Dreck. Also ass eng weider Méiglechkeet: "TVA kann een erhéijen. Do rechne mir mat enger Milliard Steierrecetten."
An: "De ganze Kerosin, déi ganz Aviatioun - do läit den Ament keng Steier drop. Do géife 400 Milliounen dobäi rauskommen", sou de Georges Bock.
2 Milliarde Steieren anescht eranhuelen, scho wär de System méi nohalteg - minus 12 Prozent CO2-Emissiounen - a sozial gerecht. Mat der Ausnam vum Secteur vun de fossillen Energië géif d‘Ekonomie net leiden, versprécht d‘Etüd. Déi - an dat muss den Nohaltegkeetsrot zouginn - nach eng Kéier vu vir op méi am Detail zu Lëtzebuerg realiséiert misst ginn. Mä dofir brauch et de politesche Wëllen.