Familljeministère soll méi Méiglechkeete kréien, fir ze kontrolléieren
En Donneschdeg den Owend gouf dat neit Gesetz iwwer d'Strukturen, an deenen eeler Leit liewen, an der Chamber gestëmmt.
Mat dësem kritt de Familljeministère an Zukunft méi Moyenen, fir an d'Strukture fir eeler Leit eranzekucken an ze kontrolléieren, wéi d'Bewunner am Alldag betreit ginn.
Et geet notamment drëms, fir ze kucken, ob d'Leeschtungen, déi versprach ginn, och wierklech bei de Leit ukommen, ob d'Personal déi Prozedure lieft, déi um Pabeier stinn, an ob d'Leit sech wuelfillen. Op déi Manéier sollen zum Beispill Virfäll, wéi ee se aus dem Ausland kennt, verhënnert ginn.
De Ministère wëll an Zukunft breetugeluechte Qualitéitskontrollen an Alters- a Fleegeheemer maachen. Wéi de Rapporter vum Gesetz, de Claude Lamberty an der Chamber erkläert huet, géif bei dëse Kontrollen op eng Partie Krittären opgepasst ginn: "Huet d'Struktur e Formatiounsplang fir säi Personal? Existéiert eng kloer Prozedur fir d'Dokteschvisitten? Hunn d'Bewunner de Choix tëschent méi wéi engem Menü am Restaurant? Gëtt den Animatiounsprogramm fir si kloer affichéiert? Dat si Punkten, déi iwwerpréift an och evaluéiert ginn."
All Gestionnaire soll op d'mannst ee Mol an engem Intervall vun 3 Joer vum Ministère kontrolléiert ginn. D'CSV huet d'Gesetz um Enn matgestëmmt. Och wann déi gréissten Oppositiounspartei, der Meenung war, dass et net evident wier, dass de Ministère selwer déi Kontrolle maache géif, wéi de Marc Spautz erkläert huet: "Et ass gutt a richteg, datt mer alles maachen, fir déi Qualitéit ze garantéieren, mä et hätt een awer och missen diskutéieren, ob déi Qualitéitskontrolle vum Ministère kënne gemaach ginn. Ob déi Qualitéitskontrollen net vun engem Drëtten hätte kënnen duerchfuert ginn. Ech denken zum Beispill un den Ombudsmann."
An Haiser, wou festgestallt gëtt, datt d'Qualitéit net sou ass, wéi se misst sinn, muss de Gestionnaire bannent 3 Méint e Plang virleeën, fir d'Situatioun ze verbesseren. Am schlëmmste Fall kann e seng Zouloossung ewechgeholl kréien.
Weiderhi gëtt de Personalschlëssel an d'Luucht gesat an all Struktur an all mobile Fleegedéngscht muss en Ethikcomité hunn. Schliisslech gëtt am Zeeche vu méi Transparenz e spezielle Regëster geschaaft, wou d'Präisser vun all den Aktivitéiten, Servicer a Prestatiounen verëffentlecht ginn.