Am Bezierk Süden, wou d’ADR bei de leschte Walen zwee Deputéiertemandater krut, geet d’Partei ouni de Gast Gybérien, deen 2018 18.400 Stëmme krut, an d’Walen eran. De Spëtzenduo fir d’Walen am Oktober sinn de Parteipresident an Deputéierte Fred Keup mam Deputéierte Fernand Kartheiser.
Ënnert den 21 aneren ADR-Kandidaten am Süde sinn déi aktuell Gemengeconseilleren Amilcar Caetano (Keel), Patrick Kohn (Beetebuerg), Mara Schammo (Suessem), Bernard Schmit (Esch-Uelzecht) a Rosella Spagnuolo (Diddeleng). Aner Nimm op der Südlëscht sinn den ADR-Vize-President Dan Hardy an d’Presidentin vun den ADR-Frae Sylvie Mischel. 2018 koum d’ADR am Süden op 8,8% an huet zwee Deputéiert gestalt.

Am Bezierk Zentrum hat d’ADR mam Roy Reding no de Walen 2018 een Deputéierten, deen allerdéngs virun e puer Woche senger Partei de Réck gedréint huet an am Oktober mat engem eegene Mouvement an d’Wale geet. Spëtzekandidaten am Zentrum sinn de Stater Conseiller Tom Weidig mam Generalsekretär Alex Penning. Soss op der ADR-Zentrumslëscht sinn d’Conseillère am Staatsrot Nicky Stoffel an de President vun ADRenalin Maksymilian Woroszylo.
Anescht wéi 2018 sinn ënnert anerem d’Marceline Goergen an de Mario Daubenfeld net méi op der Lëscht, well och si allebéid hir Parteikaart ofginn hunn.

Am Bezierk Norden stellt d’ADR aktuell mam Jeff Engelen een Deputéierten, deen och dës Kéier kandidéiert. Him zur Säit steet de Clierfer Gemengeconseiller Michel Lemaire. Op der Nordlëscht kandidéiert ënnert anerem och de Wämper Conseiller Laurent Gallinaro. Beim Zesummestelle vun der Nordlëscht koum et wéi et schéngt zu Onstëmmegkeeten, well eenzel Parteimemberen net zréckbehale goufen an dofir aus der Partei ausgetruede sinn.

Déi eenzeg weiblech ADR-Spëtzekandidatin kënnt aus dem Bezierk Osten, wou d’Alexandra Schoos, Vize-Presidentin vun der Partei, d’Lëscht uféiert. Och hire Papp, de Jean Schoos - 2018 Zweetgewielten am Osten - geet nees mat an d’Walen. Par contre ass den Éischtgewielte vun 2018, de Roby Mehlen, net méi mat dobäi.
Ënnert den aneren Ost-Kandidaten fanne sech och de Buergermeeschter vu Stadbriedemes Robi Beissel an de Generalsekretär vun ADRenalin Jang Modert.

2018 koum d’ADR am Ganzen op 8,3% an domat véier Mandater an der Chamber.