D’Arméisgesetz gëtt duerch e komplett neien Text ersat. Dat hunn d’Deputéiert um Freiden an der leschter Plenières-Sëtzung virun der Summervakanz gestëmmt.

Domadder ginn och déi genee Rollen an Aufgabeberäicher festgehalen. Den Arméisminister François Bausch huet vun engem historesche Moment geschwat, well et wichteg wier, d’Gesetz unzepassen. Den zoustännege Minister huet awer betount, dass et net erëm 70 Joer dierf daueren, bis den Text erëm adaptéiert gëtt.

D’Rapportrice vum Gesetz, déi gréng Deputéiert Stéphanie Empain, huet an hirer Ried begréisst, dass mam neien Text manner Drock um zukünftege Rekrutement wier. D’Leit kéinten no hirer Ausbildung dann och op verschidde Plazen agesat ginn, do wou si gebraucht ginn a wann hir Kompetenzen dat erméiglechen.

Differenze bleiwen

Am Virfeld vum Vott ware sech d'Arméisgewerkschaft SPAL, esou wéi d’Association Professionnelle des Officiers Luxembourgeois, kuerz APOL, an och d'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP net eens. Notamment war de Bewäertungssystem e Sträitpunkt.

D’CSV an d’Piraten hu kritiséiert, dass d’Gesetz géing duerchgeboxt ginn. Et wier am Virfeld net transparent genuch mat den Acteuren um Terrain geschwat ginn. Eng Kritik, déi den zoustännege Minister François Bausch esou net wollt gëlle loossen. Et hätte Meenungsënnerscheeder ginn, esou de Minister, ma iergendwa misst een awer kënne Fakte schafen a weiderkommen.

Neit Gesetz géing de Personalmanktem net léisen

De Personalmanktem an der Arméi géing awer weiderhi bleiwen, esou de Piraten-Deputéierten Marc Goergen. Mam neie Batallioun, dee mat der Belsch zesummen en place gesat gëtt, kéint dee Mangel souguer nach weider verschäerft ginn. Am Gesetz géing trotz der Reform vun der Ausbildung net genuch dorop Rücksicht geholl ginn, dass sech ze wéineg Jonker fir déi Branche interesséieren.

Fir d’CSV-Deputéiert Diane Adehm kéint d’Schafe vun neie Karriären an der Arméi hëllefen, fir d’Attraktivitéit ze hiewen.

D’Wichtegkeet vun der Arméi hunn eng Rei Deputéiert ervirgehuewen. Och e klengt Land wéi Lëtzebuerg misst international säin Deel dozou bäidroen, fir zum Beispill an enger NATO-Allianz kënnen ze funktionéieren.

D’Gesetz gouf mat 52 Jo-Stëmmen a 4 Abstentiounen ugeholl. D’ADR-Deputéiert an de Roy Reding vun der Sensibilité Politique "Liberté Chérie" hu beim Vott gefeelt, et gouf och keng Procuratiounsstëmm.